arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

kussen

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Dës Kéier geet et ëm Romantik, Spaut a gutt Bakteerien.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon.

S: Ech hunn den Titel vun der Episod scho gesinn, also haut gëtt et romantesch!

C: Haut schwätze mer iwwert eppes ganz Schéines, an zwar iwwert d'Kussen. Kuss du vill am Dag? Wéi vill Kussen hues du den Dag? Also sou am Austausch?

S: ___

C: Bon, ech mengen och bei sécher 10 bis 20, also ne Partner, Déieren, also ech mengen do kënnt schonn eineges zesummen. Oder eis berüümt dräi Beessen, wa mer Moie soen, déi jo och an Europa kulturell ëmmer ganz ënnerschiddlech sinn(1-4).

A mer starten da lass mam Kuss. Soe mer sou, mir hunn am Lëtzebuergesche verschidden Aart a Weisen, fir dat Verb ze bilden. An zwar ginn et Leit, déi soen 'kussen', an anerer soen 'këssen'. Ass do fir dech en inhaltlechen Ënnerscheed? Wat sees du?

S: ____

C: Well et ass ganz interessant: fir mech wier elo 'kussen' op de Mond a 'këssen' wieren déi dräi Beessen. An et ass ganz spannend, well am Fong hues de do just e Vokalwiessel an der Sprooch selwer. Dat heescht, mir hunn eng méi integréiert Form an eng méi 1:1 geléint Form. Also dass mer zum Beispill soen, ne, am Däitschen hues de 'küssen'. A wa mer 'küssen' géifen no lëtzebuergesche Prinzippien iwwerhuelen, da géife mer soen 'këssen'. Dat maache mer och mat aneren däitsche Wierder: Aus DE kümmern soe mer LB 'këmmeren'. Dat geschitt natierlech net ëmmer. Also wéi dat esou ass, jee nodeem wéini d'Wierder an d'Lëtzebuergescht komm sinn, hu se eng méi oder manner integréiert Form. Dat heescht, mir kënne leider net ëmmer mat esou lautleche Gesetzer schaffen, dass mer soen: ëmmer wann dat am Däitschen esou ass, ass et am Lëtzebuergesche sou. Dat heescht, aus engem däitschen <ü> muss net ëmmer en <ë> ginn. Wéi zum Beispill bei 'schützen' soe mer 'schützen'. A mir géifen net soen 'schëtzen'. Mee kucke mer nach eng Kéier bei 'kussen'. Dat heescht, do hues de dann e Kuss an dovunner ofgeleet d'Tätegkeet kussen.

S: A firwat kusst een iwwerhaapt? War dat ëmmer romantesch?

C: Also do hat ech versicht, dat erauszefannen. An do streide sech d'Leit nach driwwer, firwat mer dat am Fong maachen. D'Traditioun vum Kussen ass (op d'mannst an deene Sourcen, déi mer hunn) 4500 Joer al. An et ass esou eng Mëschung tëscht de Mond openeendrécken, fir sozial de Grupp ze stäerken. Also fir esou Bezéiungsaarbecht ze maachen. Mee et gëtt natierlech och déi Hypothees, dass Mammen dat gemaach hunn beim Iessen. Also quasi d'Iessen zu Bräi geknat an dann de Kanner dat esou ugebueden hunn, wéi esou eng Vullemamm. Da kanns de frou sinn, dass de deng Kanner net sou hues missen ernären.

S: Definitiv!

C: Wat awer nei Etüde sinn, also mir kusse jo och aus ganz ënnerschiddleche Grënn. Mir kusse jo op de Mond, fir romantesch ze sinn oder och Elteren hir Kanner. Einfach well dat eng sozial Bindung ass oder eeben och eng romantesch Komponent huet oder eeben och Virspill ka sinn. Also et gëtt jo natierlech dann och méi en erotesche Kuss. Awer insgesamt kann ee jo och einfach Frënn op de Bak kussen. Also elo net déi standardiséiert, ritualiséiert dräi Beessen oder wéi vill et och ëmmer gëtt an de verschiddene Länner op der Welt. Mee och do kanns engem jo och e Kuss op de Bak drécken, wann iergendwéi, wann een Ënnerstëtzung brauch oder du hëls engem seng Hand an da kuss de deem seng Hand. An do hat ech elo esou eng cool Zuel gelies. An zwar, wann ee méi laang kusst wéi néng Sekonnen, da ginn 80 Millioune Mikroben ausgetosch. Awer net nëmmen déi schlecht, mee och déi gutt. An do haten se e Verglach mat sengem probiotesche Jugurt.

S: Dat heescht, du kanns e probiotesche Jugurt iessen oder einfach néng Sekonne laang däi Partner, deng Partnerin kussen?

C: Jo, ganz genee. Dofir, sidd léif mateneen, kusst iech méi. An Dir wësst jo, Consent ass alles. An interessanterweis ass d'Verb kussen iwwerhaapt net am LOD.

S: Wierklech elo?

C: Mee am LOD ass just d'Verb 'këssen'. An elo kënnt Dir Iech froen, soen ech 'kussen' oder soen ech 'këssen'. Wéi gesot, fir mech, mee dat sinn och heiansdo individuell Saachen, fir mech wier 'kussen' dat méi Romantescht an dat 'Këssen' – dat e bësse méi neutral.

A wosst Dir, dass et och Déiere gëtt, déi sech kussen? Ech recommandéiere mol, fir Iech doheem de Video Polar Bears French Kissing unzekucken. Do gesäis de zwee Äisbieren, wéi déi sech awer, also déi ginn all-in, wuertwiertlech. An do sollt ee vläicht sengen Teenager soen, dat ass NET, wéi een et sollt maachen. Kuckt Iech dee Video gären un.

S: Lo hues de awer nees en neit Theema opgemaach! Mee eng Saach hunn ech mech elo gefrot: Firwat seet een am Fong French kiss? Sinn d'Fransousen einfach méi aktiv beim Kussen?

C: Ech mengen dat hänkt domat zesummen. D'Tatsaach, dass d'Fransousen einfach als méi passionéiert an der Léift gëllen – als Cliché, gell. Mer hunn dat net getest! A well en Zongeschlag, wéi mir an der Primärschoul gesot hunn, well en Zongeschlag einfach méi eng intim Form vum Kussen ass, well s deen anere potenziell scho ganz gutt kenns, wann se dat méchs. A vläicht och Loscht hues, mat deem einfach e bësse méi wäit ze goen.

French kiss gouf da wouergeholl, dass dat ass, wéi d'Fransouse kussen, wa se 'o la la' wëlle sinn. Warscheinlech huet et sech am Engleschen etabléiert, wou nom Éischte Weltkrich einfach d'Britten an d'Amerikaner aus Frankräich zréckkomm sinn an dat dann esou beobacht hunn. An dat war dann an der Ëffentlechkeet, dat esou ze beobachten, dat war fir déi Zäit schonn zimmlech o la la. An esou ass dat dann iergendwann och popkulturell hänke bliwwen.

S: O la la! An domat si mer um Enn fir haut. Mer soen der Merci fir deng Erklärungen an elo muss ech dee Video mat den Äisbieren an dem French Kiss kucken!

C: Ma merci och, vill Spaass, a mäi Schlusswuert ass: Äddi.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

kussen

Dës Kéier geet et ëm Romantik, Spaut a gutt Bakteerien.
headphones

6 min

play_arrow

grunscheg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi een net dacks héiert, déi awer ganz praktesch am Alldag sinn! Donieft geet et och ëm partizipativ Wëssenschaft.
headphones

5 min

play_arrow

Quantitéitsreegel

Dës Kéier geet et ëm déi zentral Reegel vun der aktueller Lëtzebuerger Orthografie. Donieft léiere mer och eppes iwwer d'Geschicht vun der Schreifweis.
headphones

6 min

play_arrow

orange

Dës Kéier geet et ëm séiss a batter Orangen a firwat d'Portugisen dofir bis a China gefuer sinn. Donieft geet et och ëm nasal Lauter.
headphones

6 min

play_arrow

mof

Dës Kéier geet et ëm eng ganz schéi Faarf: mof. Mir schwätzen iwwer d'Orthografie, franséisch Wierder a Blummen.
headphones

6 min

play_arrow

Outfit

Dës Kéier geet et ëm Outifts an d'Fro, ob mir e schéinen oder e schéint Outfit kënnen hunn. Donieft schwätze mir och iwwer d'Académie française.
headphones

7 min

play_arrow

bosseg

Dës Kéier geet et ëm bosseg Geschichten iwwer bosseg Wierder. Mee wien ass hei de "boss"?
headphones

6 min

play_arrow

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow

Tomat

Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
headphones

6 min

play_arrow

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow