arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Minnech

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

Wësst Dir, wat e Minnech ass? Egal ob jo oder nee, an dëser Episod gitt Dir gewuer, wat Päerd mat Abstinenz a Relioun ze dinn hunn.



S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Haut dréit sech alles ëm de Minnech. An ech muss der ganz éierlech soen, ech hu keng Anung, wat dat bedeit.

C: A genee dofir sinn ech haut hei. Et ass nees e Begrëff aus der Päerdswelt, mee ech hunn en einfach immens gär, well d'Geschicht hannert dem Begrëff an och hannert der Schreifweis eng ganz intressant ass.

S: Dann erziel eis mol eppes iwwer de Minnech!

C: Fänke mer mol ganz vu vir un: Wann ee Päerd hält, dann trennt een se no Geschlecht. Et gëtt Hengschten, déi männlech, a Mieren, déi weiblech. Well en Hengscht awer dacks voll am Jus ass an deelweis och dominant oder komplizéiert ka sinn, ass et üblech, dass männlech Päerd, wann se net an der Zuucht aktiv solle sinn, kastréiert ginn. Dat geschitt meeschtens am Alter vun 2 Joer, also éier se iwwerhaapt ageridde ginn. Dat ass en Agrëff, dee ganz dacks gemaach gëtt. Op déi Manéier kann een dann nämlech och Päerd zesummen am Grupp halen, well d'Mieren dann net méi gedeckt kënne ginn.

S: A wéi heescht elo scho méi dat kastréiert Päerd?

C: Dat heescht am Lëtzebuergesche Minnech. Et ass och an all Sprooch anescht: Wallach, hongre, gelding.

S: Orthografie a Päerd, dat ass dach denges!

C: Genee dofir hunn ech mer dat Wuert erausgesicht! De Minnech ass intressant, well ech schreiwen et hanne mat -ch, well et sech vum "Mönch" ofleet, also vum Member vun engem chrëschtleche Männerorden.

S: Lo trauen ech mech guer net ze froen, mee déi ware jo awer net kastréiert?

C: Nee, dat net, du mengs vläit Eunuchen oder Kastraten, déi goufe jo zum Deel kastréiert, fir dass se hir hell Stëmmen och behalen, wa se am Chouer sangen. Mee zréck bei d'Päerd, et geet hei drëm, dass de Minnech en abstinent Liewe féiert, also ouni Sexualitéit, woubäi de Mönch sech aktiv dergéint entscheet an dat kastréiert Päerd einfach guer kee Sexualtrib méi huet.

E Minnech ass am Ëmgang oft e ganz léift an treit Päerd, well se eeben hormonell méi calme sinn, wat bei engem Déier vu ronn 500 kg vläit eng ganz praktesch Eegenschaft ass. Woubäi et natierlech och ganz léif Hengschten an och rotzfrech oder schlecht erzu Minneche gëtt.

S: Awer am Däitsche schwätzt een net vun engem Mönch, wann e Päerd kastréiert ass?

C: Dat hunn ech op d'mannst nach ni héieren, do seet ee "Wallach". Ech hunn awer bei der Recherche erausfonnt, dass eng kastréiert männlech Geess am Däitschen och "Mönch" genannt gëtt.

S: Kënne mer nach weider mat Päerdstheeme rechnen an eiser WiWi-Rubrik?

C: Vu dass ech Päerdsmënsch a Linguist sinn, kann ech jo ganz kloer Jo drop äntwerten. Nach e klenge Päerdswitz zum Schluss: Wann de Kapp vum Päerd no Norde weist, wouhi weist dann de Schweif?

S: No Süden?

C: Nee, no ënnen.

S: Haha.

C: Do fält mer an, d'Etymologie vu "Witz" ass och super intressant, mee dat kënnt dann an enger anerer Episod.

S: Ouni Witz, do freeën ech mech drop! Merci a bis geschwënn, Caroline.

C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow

Tomat

Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
headphones

6 min

play_arrow

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow