Radioen

On air

Notturno  |  Jamie Lidell - Julian

play_arrow Live
arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Dosen

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Zwielef Stéck sinn eng Dosen, mee wouhier kommen d'Wierder Dosen an Zwielef eigentlech? Et geet op eng Rees duerch verschidden europäesch Sproochen.


S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei WiWi "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
C: Moie Simon!
S: Haut schwätze mer iwwer eng "Dosen".
C: Genee. Eng Dosen heescht jo sou vill wéi 12 Stéck. An der Zäit huet een da keng 6 Eeër kaaft, mee eng hallef Dosen. Dat leet sech of aus dem Alfranséischen "dozaine", wat am moderne Franséisch "douzaine" ass.
S: Do erkennt ee jo och "douze".
C: Richteg, an "douze" ass aus dem Latäin, an hei gouf eng Form brachial gekierzt, well "douze" kënnt vu lat. "duodecim": duo fir 2 an decim fir 10, dat ass eng normal Additioun.
S: Okay, dat ass elo Franséisch a Latäin, mee wat ass da mam Wuert "zwielef"? Dat gesäit jo ganz anescht aus.
C: Déi Fro hat ech mer och gestallt an déi éischt Äntwert ass: Dat ass eng germanesch Form. Wann s de der déi verschidde Sproochen ukucks, déi germanesch sinn, da gesäit een, dass dat schonn eng gemeinsam Geschicht ass. Hei hu mer dann Englesch …
S: Twelve.
C: An Hollännesch twaalf, Däitsch zwölf an Dänesch tolv. An d'Etymologie ass super, well hei huet e keng Additioun wéi am Latäin (duo an decim), mee eng Subtraktioun. Et heescht sou vill wéi: dat wat iwwereg bleift, wann een 10 ofzitt. Am Wuert Zwielef erkennt een nach "zwee" oder am "twelve" den "two", an dee leschten Deel ass – an do ass ee sech net ganz sécher – warscheinlech sinn et zwou parallel Wuerzelen *leik (léinen) a *leip (bleiwen), wat dann haut als -lef nach do steet. Also bësse wéi haut am Engleschen: left fir "iwwereg".
S: There are two left: zwie-lef.
C: Sou ongeféier. Et ass einfach en dominante 10er-System beim Zielen an deen huet verschidden Zuelwierder mat beaflosst. An dat léisst sech och op d'Eelef iwwerdroen: ee-lef. Wann ech bis 10 zielen, da bleift een iwwereg: ee-lef.
S: Mee ab 13 sinn d'Zuelen awer nees anescht
C: Jo, do ass et nees eng méi klassesch Additioun: 3 an 10 = dräizéng. Hei hu mer bei den 10er just e puer lautlech Verännerungen, dass mer zum Beispill net soen sechszéng, aachtzéng oder néngzéng, mee siechzéng, uechtzéng oder nonzéng.
S: A wat ass d'Hallschent vun 18?
C: 9.
S: An dat war et da mat der Episod 9.
C: Fir dës Episod kënne mer eis verhalen, dass d'Dosen e romaneschen Ursprong huet an d'Zwielef e Germaneschen. Mee béides ass am Lëtzebuergeschen etabléiert! Woubäi ech net méi ka soen, ob déi jonk Leit iwwerhaapt nach vill vun der Dose schwätzen, ob se do net einfach 12 soen.
S: Dat ka gutt sinn. Ma mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de eis nees eng Dose Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Schantjen

An dëser Episod geet et ëm de Schantjen an d’Chrëschtkëndchen, a firwat dat eent souzesoen eng falsch Verklengerungsform ass.
headphones

4 min

play_arrow

Joffer

An dëser Episod geet et ëm Jofferen, Jongfraen a Weltbiller aus de 50er-Joren
headphones

5 min

play_arrow

Landkaart

Et geet ëm Päiperleken, Betounungen a Flilleken.
headphones

4 min

play_arrow

Goût

Et geet ëm Inselen, Reformen a franséisch Hittercher
headphones

4 min

play_arrow

Zäitchen

An dëser Episod geet et ëm Wierder, déi just esou maachen, wéi wa se kleng a léif wieren.
headphones

4 min

play_arrow

Luxemburgistik

Wat steet eigentlech hanner de Wierder mat -istik, a wéi si si an der Luxemburgistik gelant?
headphones

4 min

play_arrow

Uhrzeigersënn

Haut dréit sech alles ëm den Uhrzeigersënn a Wierder, déi mer aus anere Sproochen iwwerhuelen
headphones

4 min

play_arrow

Witzbold

Haut geet et ëm d'Fro, wien eigentlech de '-bold' am 'Witzbold' ass
headphones

5 min

play_arrow

Witz

Dir kennt bestëmmt deen een oder anere Witz, meewësst Der och, wouhier d'Wuer 'Witz' kënnt?
headphones

5 min

play_arrow

Dosen

Wouhier kënnt dat Wuert? Et geet op eng Rees duerch verschidden europäesch Sproochen.
headphones

4 min

play_arrow

Minnech

Wësst Dir, wat e Minnech ass? Dir gëtt et hei gewuer.
headphones

4 min

play_arrow

léif

Et geet ëm d'Schreifweis an och ëm Urieden an der E-Mail.
headphones

5 min

play_arrow

Laser

Et geet ëm Ofkierzungen, déi awer ausgesi wéi normal Wierder.
headphones

5 min

play_arrow

Äddi

Dës Kéier kucke mir op Abschidsformelen, déi bal alleguer eppes mat Gott ze dinn hunn. Donieft gëtt et och nach e Schreiftipp.
headphones

4 min

play_arrow

Jean/Jang

Et geet ëm franséisch Wierder, déi eppes verléieren, a lëtzebuergesch Virnimm, déi eppes bäikréien.
headphones

5 min

play_arrow

Uhu

Et geet ëm grouss Vullen, Pech, de Grand-Duc a Lautmolerei.
headphones

4 min

play_arrow

hott an har

Saache leien hott an har, Leit fueren hott an har. Mee wat heescht eigentlech 'hott' a wat heescht 'har' a wat huet dat mat engem Plou ze dinn?
headphones

4 min

play_arrow

gäil

Et geet hei ëm d'Wuert “gäil” a seng Bedeitungen, well d'Nuance vu gäil ännert, ob een elo vun engem gäilen Typ oder engem gäilen Dessert schwätzt. Donieft geet et och ëm e gäile Buedem am Duden.
headphones

10 min

play_arrow