arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

fuschnei

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Déi Episod hei ass nei – fuschnei! Haut kucke mer, wat eigentlech 'fusch' bedeit a wéi eng lautlech Prozesser bei dësem Wuertdeel wichteg sinn.



S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?

C: Mir hunn eng Rentrée hannerun eis, souwuel an de Schoule wéi och en neit Semester an dofir ass villes scho vertraut, mee fir verschidde Leit ass villes FUSCHNEI.

S: Du sees dat esou, wéi wann dat eist Wuert vun haut wier.

C: Korrekt. Hues de schonn eng Kéier driwwer nogeduecht, wat 'fusch' a 'fuschnei' heescht?

S: ___

C: Falen dir nach aner Wierder an, déi mat FUSCH ufänken oder mat FUSCH zesummegesat sinn?

S: Fuschen?

C: Jo, fuschen ass e gudde Startpunkt, mee d'Verb 'fuschen' huet tatsächlech näischt ze di mam 'fusch' vu 'fuschnei', mee warscheinlech éischter mam Wuert 'pfuschen' am Däitschen. Mee: FUSCH ass och wierklech e Wuertdeel, dee mer just aus dëser Zesummesetzung 'fuschnei' kennen. Dat nenne mer an der Linguistik en unikaalt Morpheem, well et just 1mol virkënnt. Awer, wou dat genee hierkënnt, dat gesi mer haut.

S: Do sinn ech gespaant!

C: Ma mäin Aarbechtskolleeg Peter Gilles – och Professer am Lëtzebuergeschen – huet sech schonn eng Kéier mat dem Wuert FUSCH vu FUSCHNEI auserneegesat a mer haten och gëschter virun der Episod eng ganz ugereegten Diskussioun iwwer de Wuertfeel 'fusch'. Fänke mer mol un, wat mer natierlech ëmmer kucke ginn, ass, den alen Dictionnaire, schonn an den 1950er Jore stoung dat Wuert am Dictionnaire mat ganz ville Synonymmer, also mat Verstäerkungsoptioune fir d'Adjektiv 'nei': fonkelnei (WLM, LWB), fonkelnoolsnei (WLM, LWB), splënternei (WLM, LWB), noolsnei (LLU, WLM, LWB) an och fonkelnotznei (LWB).

S: Dat meescht héieren ech haut fir d'éischte Kéier.

C: Jo, ech mengen, wierklech geleefeg ass nach de 'fonkelnei', dee fënnt och nach als LOD-Verweisartikel haut, also als Synonym zu 'fuschnei' – mer sinn also lo weider op der Sich nom 'fusch'.

Déi nächst Etapp sinn Dialektwierderbicher. Do siche mer no Formen, déi lautlech plausibel sinn an déi an der Géigend vum Lëtzebuergeschen an där Form oder enger änlecher Form optauchen. Eng gutt Recherche fänkt een am beschten am Rheinischen Wörterbuch un. An do soen ech der mol, wéi déi vergläichbar Formen heeschen, déi warscheinlech mam 'fusch' gläichzesetze sinn: foš, fōš, fouš. Hues de schonn eng Anung, wat fir ee Wuert mer sichen?

S: Ech hu keng Anung.

C: Et ass d'Adjektiv 'frisch', also 'frësch'.

S: A sou!

C: An elo komme mer der Saach ëmmer méi no, mer hate jo schonn am Däitschen déi dialektal frisch-Forme foš, fōš, fouš, déi komme virun allem am Ripuareschen (ronderëm Köln) an am Nidderfränkeschen (also an hollänneschen Dialekter) vir, et sinn also Varianten, déi Richtung 'fusch' ginn, wat mer fir de 'fuschnei' sichen.

S: Mee et kléngt awer net ganz genee d'selwecht, oder?

C: Also am Grenzgebitt vu Lëtzebuerg komme mer der Saach ganz no: am Siegerland ass et 'furš' (mat R) an zu Prüm a Malmedy fënnt ee 'fuš'.

S: An dat sinn alles Forme vu 'frësch'?

C: Jo, et ass d'Adjektiv frisch/frësch, den 'i' verännert regional seng lautlech Mierkmoler, rëtscht mol méi an den O oder den U, an den 'r', dee ka mam Vokal verdréit sinn, dann ënnerläit en enger Metathees, dat ass d'Fachwuert, dat heescht, den 'r' rëtscht op eng aner Plaz. E réckelt meescht hannerun de Vokal. Also ass et net méi FRISCH oder FRUSCH, mee FURSCH, an dono nach vereinfacht FUSCH.

S: Also ass eppes Fuschneies extra frësch?

C: Genee! Frësch gewäsch ass jo och bal wéi nei. Fuschnei ass also frësch an nei! De Wuertdeel 'fusch' heescht also frësch, ganz nei.

S: Weess de, u wat mech dat mam Fursch a mam Fusch erënnert?

C: Nee.

S: Un eis Episod mam Aasch, do has de gesot, dass et mat R oder ouni R ka geschriwwe ginn.

C: A jo! Ma dat ass tatsächlech deeselwechte Prozess! Just, dass 'fusch' ëmmer ouni R geschriwwe gëtt an och just bei 'fuschnei' virkënnt!

S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei – pardon FUSCHNEI Wierder fir WiWi matbréngs.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

fuschnei

Déi Episod hei ass nei – fuschnei! Haut kucke mer, wat eigentlech 'fusch' bedeit a wéi eng lautlech Prozesser bei dësem Wuertdeel wichteg sinn.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbüfdeck

Dës Kéier geet et ëm de Büfdeck a firwat verschidde Wuertdeeler hir Bedeitung verléieren. Donieft geet et och ëm Päerdsfleesch a schlecht Witzer.
headphones

6 min

play_arrow

Proximitéit

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi keen direkte Pendant am Lëtzebuergeschen hunn a firwat dat guer net esou schlëmm ass.

vu que datt

Dës Kéier geet et ëm eng Niewesazaleedung, déi mir aus dem Franséische geléint an hallef integréiert hunn: vu que / vu datt.
headphones

5 min

play_arrow

Bauerefra

Dës Kéier geet et ëm Fraen, déi an der Landwirtschaft schaffen a Begrëffer, déi méi oder manner kloer sinn.
headphones

6 min

play_arrow

Dialekt

Dës Kéier geet et ëm d'Fro: Ass Lëtzebuergesch eng Sprooch oder en Dialekt?
headphones

7 min

play_arrow

Pony

Dës Kéier geet et ëm Päerd, Hënn a Coiffuren!
headphones

6 min

play_arrow

kussen

Dës Kéier geet et ëm Romantik, Spaut a gutt Bakteerien.
headphones

6 min

play_arrow

grunscheg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi een net dacks héiert, déi awer ganz praktesch am Alldag sinn! Donieft geet et och ëm partizipativ Wëssenschaft.
headphones

5 min

play_arrow

Quantitéitsreegel

Dës Kéier geet et ëm déi zentral Reegel vun der aktueller Lëtzebuerger Orthografie. Donieft léiere mer och eppes iwwer d'Geschicht vun der Schreifweis.
headphones

6 min

play_arrow

orange

Dës Kéier geet et ëm séiss a batter Orangen a firwat d'Portugisen dofir bis a China gefuer sinn. Donieft geet et och ëm nasal Lauter.
headphones

6 min

play_arrow

mof

Dës Kéier geet et ëm eng ganz schéi Faarf: mof. Mir schwätzen iwwer d'Orthografie, franséisch Wierder a Blummen.
headphones

6 min

play_arrow

Outfit

Dës Kéier geet et ëm Outifts an d'Fro, ob mir e schéinen oder e schéint Outfit kënnen hunn. Donieft schwätze mir och iwwer d'Académie française.
headphones

7 min

play_arrow

bosseg

Dës Kéier geet et ëm bosseg Geschichten iwwer bosseg Wierder. Mee wien ass hei de "boss"?
headphones

6 min

play_arrow

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow

Tomat

Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
headphones

6 min

play_arrow