E staarkt Team
D'Eltereschoul J. Korczak
4 min
Beruff a Famill ënner een Hutt kréien, eng nei Erausfuerderung?
D‘Conciliatioun vu Beruff a Famill, ass dat eppes Neies?
Ee Sujet iwwer deen eréischt déi lescht Joerzéngte vill geschwat gëtt? War et virdru keen Theema? Bestëmmt dach, awer net an deem Mooss wéi haut.
Iwwer d'Politik als wichtegen Acteur an deem Kontext an den Challenge vun den Elteren tëschent Famill a Beruff ze switchen, geet haut rieds mat der Jeanine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak.
Tipp:
Firwat net emol am Elterecafé zu Esch laanscht kommen. Esou schéin den Eltere-Congé och fir d’Bindung vu Mamm/Papp a Kand ass, esou kann et dach virkommen, datt engem de Plafong op de Kapp fält. Et kann een d’Mataarbechter:inne vun der Eltereschoul nach op enger Rei vun ëffentleche Spillplaze fannen. Si begéinen d’Elteren hei fir verschidden Theemen iwwer d’Entwécklung vun de Kanner oder d’Erzéiung unzeschwätzen, sinn awer och do fir hir Froen ze beäntweren.
De ganzen Agenda fënnt een op: www.kannerschlass.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil