Een zwee Jazz
Maya Likembe - Eran Har Even - Fred Wesley
60 min
De Projet Maya Likembe presentéiert de 14. Juli hir éischt EP, eng Liveopnam mam Titel "Spirituality is the Beginning". De Stil vun der EP léisst sech net einfach klassifizéieren; Singer-Songwriter, Jazz, brasilianesch Musek, Latin, Soul an Afro-Aflëss sinn ze héieren. En interessante Mix vu verschiddene Kulturen, Stiler a Sproochen. Beim Jeff Herr am Interview ass d’Mary-Anne Meiers, d’Sängerin vum Projet.
Deen israeelesche Gittarist a Komponist Eran Har Even presentéiert d'Resultater vu senger Kënschtlerresidenz "Songful Dialogues“ dëse Sonndeg, de 7. Juli um 11h am Cloître et jardin Lucien Wercollier vun der Abtei Neimënster.
Dee legendären Trombonist Fred Wesley, bekannt duerch seng Zesummenaarbecht mam James Brown an dem George Clinton, feiert seng 80 Joer.