D’Big Band Memory gouf am Joer 2000 gegrënnt an huet 2025 hire 25. Anniversaire gefeiert. D’Formatioun besteet aktuell aus 29 Museker a baséiert op engem klassesche Big-Band-Setup mat enger stilistescher Pallett vu Swing bis Funk, Latin, Blues a Rock.
Am Kader vum Jubiläum gëtt den 18. Abrëll 2026 e Concert am Kulturhaus Pontebier organiséiert, mat der Big Band Opus 78 als Gaascht. Am Interview gëtt de Bandleader Laurent Hoffmann en Abléck an d’Aarbecht an d’Entwécklung vun der Formatioun.
Mat sengem neien Album “Elegant People“ setzt den Ausnamegittarist Biréli Lagrène op Reduktioun, Klangqualitéit an d’Essenz vum Zesummespill.
Playlist:
01. Philadelphia - WDR Big Band
02. Fred my Pal - West Coast Big Band
03. El Abrazo - Alan Baylock Jazz Orchestra
04. Vyana - Shauli Einav
05. Elegant People - Biréli Lagrène
06. Anjo de Mim - Biréli Lagrène
07. Clair - Biréli Lagrène