Déi Schwäizer Arbenz-Zwillinge Michael a Florian, Joergang 1975, hu mëttlerweil e beträchtleche Parcours hanner sech, an deem sech Kollaboratioune mat enge sëllechen Jazz-Gréissten aschreiwen. Hiren neien Trio-Album featured d'Kontrabass-Legend Ron Carter. Eng weider historesch Kollaboratioun ass den Album "Smokin' at the Half Note", bei där de Wynton Kelly Trio am Joer 1965 op de Wes Montgomery trëfft. De Gilad Hekselman, de Will Vinson an den Nate Wood presentéiere mat "Urban Myth" déi zweet Release ënner dem Numm “Trio Grande”, eng energiegeluede Plack mat grousser Stil-Villfalt a groussaartegem Interplay.
Playlist:
1. Arbenz vs Arbenz meets Ron Carter - It Don’t Mean a Thing
2. Arbenz vs Arbenz meets Ron Carter - Alive
3. Arbenz vs Arbenz meets Ron Carter - All the Things you Are
4. Wynton Kelly Trio feat. Wes Montgomery - Unit 7
5. Wynton Kelly Trio feat. Wes Montgomery - What’s New
6. Wynton Kelly Trio feat. Wes Montgomery - Impressions
7. Trio Grande - Urban Myth
8. Trio Grande - Strasbourg St. Denis
9. Trio Grande - Dancing Girls