Et feelt dem Theatermënsch Jacques Schiltz net um néidegen Eescht, wann hie sech an erausfuerderend Contenuen era schafft, aus deene spéider e Stéck soll ginn. Mee säin Humor kënnt och ëmmer erëm luussen. An heiansdo op ganz onerwaarte Plazen. Wat mécht eng Persoun aus, bei där sech de Richard Wagner, de Mikis Theodorakis an den Helge Schneider d'Klensch an d’Hand ginn? Wéi setzt hie sech mat exzentresche Figuren auserneen a wéini deet Kulturgeschicht zwar wéi, mee ass trotzdeem interessant? Ënner anerem dës Froe kritt d’Anne Schaaf an der éischter Episod vun Identitéin beäntwert.
Wien nach méi iwwer d’Produktioun Wagner wëllt gewuer ginn, ka sech och dësen Interview vun eiser Kulturredaktioun ulauschteren.