arrow_back_ios
search
Episoden
Episode 5: Wéi d’Kanner aus dem Duerf
Zeréck am Duerf fäerten eis Frënn, dass alles fir näischt war - bis si dem Elsi vun der Buerg begéinen.
Episode 4: Wéi déi fein Herrschaften
Beim Abbes doheem mécht eng Këscht mat Stoftreschter de Frënn ganz nei Dieren op.
Episode 3: Mat vill Courage
D’Bärbel konnt schonn ëmmer gutt bauen, mee säi Plang fuerdert d’Frënn all eraus.
Episode 2: Op geheimem Wee
Episode 1: D’Aventure rifft
D’Agathe kritt mat, dass op der Buerg eng méi lass ass. Hat trommelt seng beschte Frënn aus dem Duerf zesummen, fir e Wee laanscht déi grouss Paart ze fannen.
D’Pechschwéngchen léiert zauberen
D’Pechschwéngchen Hannes ass iwwerzeegt: Haut léiert hien zauberen! Mat engem alen Zauberbuch vu sengem Bopa probéiert hien déi éischt Zauberspréch aus!
D’Pechschwéngchen a säi ganz groussen Optrëtt
D’Pechschwéngchen Hannes dierf bei engem grousse Concert an der Philharmonie mat sengem Triangel optrieden.
D’Pechschwéngchen ass verléift
Dem Pechschwéngchen Hannes säin Häerz schléit op eemol vill méi séier wéi soss: Hien ass verléift an d'Lotti vum klengen Hiwwel.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E06: Frënn fir ëmmer
Et fänkt un däischter ze ginn, an do steet op eng Kéier eng Gestalt an der Dier ... an néitscht.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E05: D'Méck
E komescht Klappen un der Fënster léisst d'Tippy an de Pluto opschrecken. Ass do en neit Monster, dat an déi kleng Kummer am klengen Haus era wëllt?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E04: Zauberei
Eis zwee luusseg, muusseg Monstere kommen dem Geheimnis vum Derrick sengem Verschwannen ëmmer méi op d'Spuer. Si entdecken en neien Zaubersproch.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E03: Eng Sträif Hackabullibräi
Um Buedem entdeckt d'Tippy Grimmelen, déi bei d'Dier féieren. De Pluto schmaacht eng Grimmel. Déi huet e Goût, deen si ganz gutt kennen. Villäicht huet den Derrick e Message hannerlooss, sou wéi beim Hänsel a Gréidel?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E02: Den Derrick ass fort
Mat frëschem Courage fille sech eis luusseg, muusseg Monsteren nees besser, mee op eng Kéier mierken si, datt si just nach zu zwee sinn.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E01: Grujeli
Eis dräi luusseg, muusseg Monstere wëssen elo, datt et net esou einfach ass, e Mënsch richteg ze erféieren. Si liesen am grousse Monsterbuch, datt jiddereen e Grujeli huet a sangen zesummen, fir sech Mutt ze maachen.
De Mukami zu Paräis
Elo dann eng nächst Etapp am Mukami sengem Liewen, de Pit a seng Mamm maachen e Weekend zu Paräis an se huelen de Mukami mat an d’Stat vum Eiffeltuerm. Mengt der dat géif da riicht aus goen?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E06: Leila
Endlech ass d'Leila do. Hat kënnt an d'Zëmmer, mee hat ass ganz anescht wéi d'Monsteren et sech et erwaart hunn.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E05: D'Monstere kréie Besuch
D'Tippy, den Derrick an de Pluto kréie Besuch vun engem zottelege Wiesen, dat hinnen e Kaddo hannerléisst: en Dëppche Stoffi. Elo kann den Derrick en neit Hackabullibräi-Rezept ausprobéieren. Et gëtt nees gekacht.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E04: Stëmmen
Ënnen am klengen Haus am klengen Duerf beim Bopa héieren eis Monsteren ongewinnt Geräischer: e puer Stëmmen an ... souguer e Billen. Wat rumouert do?