Beim Abbes doheem mécht eng Këscht mat Stoftreschter de Frënn ganz nei Dieren op. Mat vill Kreativitéit versetze si sech an d'Schung vun de feinen Herrschaften. Si fannen néi Saachen iwwer sech selwer eraus a wuesse méi no zesummen. Vu lauter Spaass verléiere si d'Zäit aus den Ae bis si héieren, wéi d'Fest op der Buerg lassgeet. Mat neier Iwwerzeegung maache si sech op de Wee bei déi grouss Paart.
Text: Naomi Eiro (mat der Hëllef vum Gabriel Pinto Monteiro)
Realisatioun, Montage a Produktioun: Tessy Troes
Tounopnamen, -gestaltung, Musik, Sounddesign: Chris Reitz
Tounmix: Cédric Fischer (Unison Studios)
Erzieler: Momo Sinner
Agathe: Lis Dostert
Bärbel: Rahel Jankowski
Abbes: Kevin Sousa
Charel: Lars Schmitz
Mamm vum Abbes: Anne Klein
Wiechter 2: Zoran Ravello
Fei Leit: Chris Reitz & Naomi Eiro
Op der Buerg ass eng Une-Deux Produktioun fir d’Kannerkëscht vum Radio 100,7.