D'Frënn fäerten et war alles fir näischt a wëllen hire Plang opginn. Och hir Eltere sinn hinnen op d'Spuer komm a rappen hinnen d'Panz. Wéi si d'Elsi nach eng Kéier begéinen, wëllt hatt wëssen, wat si da schonn alles probéiert hunn. Beim Erziele gëtt de Frënn bewosst, wat si schonn alles erlieft hunn. Si probéieren eng leschte Kéier op d'Buerg ze kommen.
Text: Naomi Eiro (mat der Hëllef vum Gabriel Pinto Monteiro)
Realisatioun, Montage a Produktioun: Tessy Troes
Tounopnamen, -gestaltung, Musik, Sounddesign: Chris Reitz
Tounmix: Cédric Fischer (Unison Studios)
Erzieler & Wiechter Marcel: Momo Sinner
Agathe: Lis Dostert
Bärbel: Rahel Jankowski
Abbes: Kevin Sousa
Charel: Lars Schmitz
Elsi & fein Damm: Elsa Rauchs
Feinen Här: Georges Goerens
Papp vum Agathe: Felix Adams
Papp vum Bärbel: Luc Lamesch
Mamm vum Abbes: Anne Klein
Illustratiounen a Schrëftzoch-Design: Anne Gillen
Op der Buerg ass eng Une-Deux Produktioun fir d’Kannerkëscht vum Radio 100,7.