Kultur
Aus eisem Soundatlas gëtt e Klang-Literatur-Collage
5 min
D’Kerstin Thalau an de Joé Birchen presentéieren iech reegelméisseg ee Klang aus eiser alldeeglecher Geräischkuliss a sichen no Lienen tëscht dem Soundschnëppel, an der Alldagskultur, der Musek, der Konscht. Am Gespréich mam Jeff Schinker a mam Marc Clement ass du kloer ginn, datt di eenzel Kläng deen éischten zu Literaturextraiten, deen zweeten zu eegene musikaleschen Experimenter inspiréiere géifen. Also hunn di 4 sech op Basis vun den originale Soundopnamen zesumme gedoen an iech fir dëse Sonnden eng Zort Klang-Literatur-Collage zesumme gestalt. Hei “ee Schnëppel” dovunner.
Presentéiert vum
- kt