Kultur
Mabe Fratti - Sentir Que No Sabes
5 min
D’Mabe Fratti, eng Cellistin aus dem Guatemala, huet 2016 duerch eng Residenz am Goethe-Institut Mexico entdeckt, wou si haut schafft an an der improviséierter Musekszeen matmëscht. Zanter hirer Teenagerzäit mécht d’Mabe Fratti scho Musek an ass fräi an hirem Ëmgang mat Kollaborateure wéi Museker am Amor Muere Kollektiv, mat deene si d’lescht Joer eng LP erausbruecht huet - wéi och mat Titanic, hirem gemeinsame Projet mam Hector Tosta. “Sentir Que No Sabes” ass hir 4. Soloplack zanter dem Debut 2019. Dës weist eemol méi d’Subtilitéit vun der Musekerin a wéi si sech ëmmer méi wäit an d’Popmusek eraleet.
Presentéiert vum
- Marc Clement