Kultur
Francofon BD-Gréisst Yoann schwätzt iwwer de Franquin
34 min
De Yoann ass e franséische BD-Auteur, dee fir de BD-Festival zu Conter war. De Yoann huet fir déi gréisste belsch Verläg geschafft. Fir Dupuis huet hien d’Episoden 51-55 vun “Les aventures de Spriou et Fantasio” gezeechent an domat d’Vermächtnis vum André Franquin weidergeféiert, an de Figure vum Marsupilami, Gaston Lagaffe a Compagnie neit Liewen agehaucht. Weiderhin huet hien och de Spirou Superhelde Spinoff SuperGroom an d’Band vu chaotesche Superhelden “Les Captainz” geschaaft. Den Nicolas Calmes huet den Auteur um Festival interviewt.
Presentéiert vum
- nic