Kultur
Tartu ass Kulturhaaptstad 2024 an d'Justine Blau ass dobäi
17 min
2024 ass, nieft Bad Ischgl an Éisträich plus Bodø an Norwegen, Tartu, also déi zweetgréisste Stad an Estland, 2024 Europäesch Kulturhaaptstad. Wéi den Zoufall et wëllt, lieft a schafft déi lëtzebuergesch Curatrice Fanny Weinquin fir zwee Joer an Estland. Fir si war kloer: am Kulturjoer-Kontext misst een och Lëtzebuerger Konscht weisen. Si huet d’Multimedia-Kënschtlerin Justine Blau kontaktéiert, déi zwee hunn en Dossier eragereecht, an hire Projet gouf ugeholl. Nach bis e Sonndeg inclus presentéiere si der Justine Blau hire Projet “Veil of Nature” an de botaneschen Zäre vun der renomméierter Uni Tartu. D’Kerstin Thalau huet mat der Justine Blau no hirem Retour aus Estland geschwat.
Presentéiert vum
- kt