Kultur
/ "No der Tragedie an der Farce widderhëlt d'Geschicht sech erëm eng Kéier als Tragedie"
"No der Tragedie an der Farce widderhëlt d'Geschicht sech erëm eng Kéier als Tragedie"
17 min
Firwat kéint een d’Europäer net iwwer e Referendum ofstëmme loossen, a wéi ee Joerzéngt si nees wëllen zeréckversat ginn? Deen dystopeschen Zeenario entwéckelt de Bulgar Georgi Gospodinov a sengem drëtte Roman “Le Pays du passé” (Ed. Gallimard), deen op däitsch “Zeitzuflucht” heescht. Fir déi englesch Iwwersetzung “Time Shelter” gouf de Gospodinov d'lescht Joer mam International Booker Prize belount.
De Michel Delage huet um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Georgi Gospodinov geschwat.
Presentéiert vum
- Michel Delage