Esou, déi éischt Woch am neie Joer ass scho bal gepackt, mee a Gedanke sidd Dir nach bei Iessen a Paus respektiv Party maachen? Da gëtt et Zäit, den Denkapparat nees op Touren ze bréngen. Eventuell mat der Publikatioun “Mémoires futures/ künftige Erinnerungen”. Dëse Sammelband, deen d’Commission luxembourgeoise pour l’UNESCO an Optrag ginn hat, thematiséiert eist Verständnes vun der Mënschheet, vun der kollektiver Memoire, d’Roll vu Kulturierwen an deem Kontext, a wat mir vun eisem Patrimoine zu Lëtzebuerg preservéieren an un déi nächst Generatioune weider gi sollten. De Choix vun den Auteuren an Autorinne fir de Recueil plus déi ganz Koordinatioun huet d’Nora Schleich iwwerholl. D’Kerstin Thalau huet sech virun eiser Sendung mat der Philosophin ënnerhalen.
arrow_back_ios
Kultur
D’Fro no der Konservéierung vum Patrimoine aus verschiddene Perspektiven
Lauschteren
play_arrow
headphones
14 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
Déi kinneklech Schwane-Parad
Eng Traditioun aus dem 12. Joerhonnert: Dat Ganzt nennt sech Swan Upping a vermëscht Folklor, Ëmweltschutz an d‘Wuelbefanne vun den Déieren.
Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert
Um Enn vum Jeff Schinker sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, schalte mir live op Avignon fir ee Bilan aus dem In an dem Off.
En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles
Nieft der Fotografie war d’Botanik dem Edward Steichen seng grouss Passioun.
Off Campus
Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit.
Figure vun der Monstruositéit 2/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
Figure vun der Monstruositéit 1/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
All is Whole
Eng Performance vun der Kënschlerin Françoise Odill
Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen
De 14. Juli war d'Katy Perry um Open Air bei der Luxexpo. Hei huet si gewisen, datt si nach ëmmer eng aussergewéinlech Live-Performerin ass.
E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles
Dem Edward Steichen seng Natur op de Rencontres d’Arles an am Märeler Parc
Metallica
Eng Concertskritik
En Äddi an en Ausbléck
Bei der Saisonspresentatioun gouf och dem aktuellen Direkter Claude Mangen Äddi gesot. E Gespréich mat him a senge Successeuren iwwer dat wat war, an dat wat kënnt.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "La Chaleur"
Mat sengem summerlech-lethargesche Thriller zeechent de Stéphane Demoustier e Portrait vun der Jugend vun haut.
D'Tapisserie vu Bayeux op der Rees ...
... a gëtt am British Museum zu London ausgestallt.
Anna Valentiny, Edith Burggraff - De klenge Kannibal
E Kannerbuch - och fir déi Grouss
Beautiful Decay 2026
Eng Ruin an en Trupp Museknerds, dat ergëtt dach normalerweis eppes Guddes. De Beautiful Decay investéiert vun haut erëm d’Käercher Schlass mat Musek, Freed a Yoga.