Ënnert dem Titel "Storylines" si bis Enn Mee am ëffentlechen Espace zu Klierf eng hallef Dose Fotoexpoen ze gesinn. D'Curatrice Sandra Schwender wollt mat hirem Choix verbildlechen, wéi Fotoserië vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, an datt se fir nei Geschichten an eise Käpp suerge kënnen. An der Chrëschtvakanz ware mir mat hier duerch d'Expo, dee Reportage fannt dir wéi gewinnt an eiser Mediathéik. Grad esou wéi den Interview mam iranesch-lëtzebuergesche Fotokënschtler a Realisateur Pasha Rafiy, dee bei de "Storylines" säi Kapitel "Birdwatcher" presentéiert. De Fotograf Olivier Schillen "watch"t dergéint fir säi Liewe gär Konscht. Seng Opnamen zu Klierf zeechnen e kritescht Bild vum Kulturtourismus. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Olivier Schillen.
arrow_back_ios
Kultur
Kulturtouristen tëscht Erwaardung, Desorientéierung a Lethargie
Lauschteren
play_arrow
Fontaine de Vaucluse. (Foto: Olivier Schillen)
headphones
27 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert
Um Enn vum Jeff Schinker sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, schalte mer live op Avignon fir ee Bilan aus dem In an dem Off.
En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles
Nieft der Fotografie war d’Botanik dem Edward Steichen seng grouss Passioun.
Off Campus
Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit.
Figure vun der Monstruositéit 2/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
Figure vun der Monstruositéit 1/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
All is Whole
Eng Performance vun der Kënschlerin Françoise Odill
Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen
De 14. Juli war d'Katy Perry um Open Air bei der Luxexpo. Hei huet si gewisen, datt si nach ëmmer eng aussergewéinlech Live-Performerin ass.
E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles
Dem Edward Steichen seng Natur op de Rencontres d’Arles an am Märeler Parc
Metallica
Eng Concertskritik
En Äddi an en Ausbléck
Bei der Saisonspresentatioun gouf och dem aktuellen Direkter Claude Mangen Äddi gesot. E Gespréich mat him a senge Successeuren iwwer dat wat war, an dat wat kënnt.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "La Chaleur"
Mat sengem summerlech-lethargesche Thriller zeechent de Stéphane Demoustier e Portrait vun der Jugend vun haut.
D'Tapisserie vu Bayeux op der Rees ...
... a gëtt am British Museum zu London ausgestallt.
Anna Valentiny, Edith Burggraff - De klenge Kannibal
E Kannerbuch - och fir déi Grouss
Beautiful Decay 2026
Eng Ruin an en Trupp Museknerds, dat ergëtt dach normalerweis eppes Guddes. De Beautiful Decay investéiert vun haut erëm d’Käercher Schlass mat Musek, Freed a Yoga.
Seven Methods of Killing Kylie Jenner
Am Theaterstéck huet d'Marie-Christiane Nishimwe d’Roll vum politesche Kierper vun der Schwaarzer Fra thematiséiert.
Widow's Bay
Schonn eng Kéier Vakanz op enger verfluchter Insel gemaach?