Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg lancéiert en neie Konferenzzyklus ënnert dem Titel TASTE, als Ofkierzung fir “Transforming through art, science, technology”. Di éischt dräi Diskussiounssujete sti fest: den néngte Februar ass mat “On art, nature and technology” iwwerschriwwen; de 25. Februar mat “On bodies and practices”; de véierte Mee mat “On data and (dis)information”. Responsabel fir d’Programmatioun sinn déi ausgebilt Architektin, aktuell Chercheuse, Nathalie Kerschen plus d’Kulturmanagerin Anouk Wies, déi zanter knapps véier Joer als strategesch Beroderin fir kulturell Affairen op der Uni um Belval aktiv ass. D’Kerstin Thalau wollt mat der Anouk Wies schonn emol e bësse pre-TASTEN.
arrow_back_ios
Kultur
TASTE steet fir “Transforming through art, science, technology”
Lauschteren
play_arrow
(Foto: uni.lu)
headphones
20 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
The Audacity
An dëser Komedie-Serie fbegleeden mir e CEO vun enger Firma, déi op allméiglech Aart a Weisen déi perséinlech Date vu Leit beschaaft a verkeeft.
Staark Stëmmen aus Syrien a Libanon ...
... vun de Schrëftstellerinnen Hala Moughanie a Maram al Marsi
Berthe Brincour am Nationalmusée
Déi éischt grouss Retrospektiv iwwer déi lëtzebuergesch Molerin Berthe Brincour ... “Une artiste hors norme et hors temps” an eisem Nationalmusée
Congés annulés
Vum 24.07 bis den 20.08 ass nees déi neisten Editioun vum Festival an de Rotonden.
100 Joer Miles Davis
Keen anere Museker huet den Jazz esou gepräägt, wéi den Trompettist. Nach haut gëllt säin Album “Kind of Blue” als déi meescht verkaaften Jazzplack aus der Geschicht vum Genre.
Aurélie D’Incau: mat Trauer kann een tatsächlech spillen
Wéi aus enger Recherche iwwer Tapisserie ee Konschtprojet gouf.
Deen anere Bléck op Pornofilmer: "Porn for the Blind" am TOL
D'Metteuse en scène Pauline Collet an d'Schauspillerin Clara Hertz iwwer "Porn for the Blind", déi nei Produktioun am TOL
TalentLAB 26: Am Gespréich mam Tom Leick-Burns
Den Direkter vun den Théâtres de la Ville de Luxembourg iwwer de Programm vum TalentLAB
Nei am Kino
Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt de Luca Di Santolo d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.
Film vun der Woch: "In the Grey" vum Guy Ritchie
Siwe Joer no "The Gentlemen" ass de Guy Ritchie zeréck mat "In the Grey", engem Film, dee leider keng Grozone kennt a sech un engem Klischee no deem aneren ofschafft.
D'Liesungsformat entstëbsen: Am Gespréich mam Georges Goerens
Literatur héich dräi: dat gëlt dës Woch an der Kufa, wou direkt dräi Liesungen an dräi ganz ënnerschiddleche Formater stattfannen.
Einfach verschwannen: Am Gespréich mam Max Blom a Florian Hirsch
"Disappear Here" heescht den neie Projet vum Max Blom, deen nom Stéck "High Fever" d’Iddi vu Sound an Textcollage weiderféiert a sech ganz mam Theema vum Verschwanne befaasst.
David Attenborough: iwwer 70 Joer erfollegräichen Naturfilmrealisateur
Net de Gorilla, de Mënsch soll sech selwer aggressiv nennen, esou den David Attenborough
Shortlëscht Prix Inter: Dysfunktional Famillen
"Quatre jours sans ma mère" vum Ramsès Kefi, "Au grand jamais" vun der Jakuta Alikavazovic an "Aimer" vun der Sarah Chiche
Lupin
De Gentlemandéif aus Paräis
Wéi geet d'Konscht mat "wicked problems" ëm?
Fir gesellschaftlech Changementer si grouss Froen néideg, sou d'Julie Wagener
Theeme vun der Prix-Inter-Shortlist: Monstrositéit an Entmënschlechung
"Brève théorie de l’enfer" vum Jérôme Ferrari, "Protocoles" vun der Constance Debré an "Chimère" vun der Julie Wolkenstein
Dem Thomas N Jansen säin Doheem? Alldagsobjeten a Routinnen
Den Thomas N Jansen tëscht "Food-Photography" a "Still Life"
Shortlist vum Prix Inter - Déi 3 éischt Bicher!
De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et am Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, ma am spéide Fréijoer vergi gëtt.