Dat neit Bond-Videospill ass e grousse Succès – zu Recht, fënnt den Yves Stephany.
D'Spill fillt sech un, wéi en interaktive Film. De Gameplay ass ofwiesslungsräich a kuerzweileg, D'Dialogen an de Voice Acting sinn um selwechten Niveau wéi déi besser Bond-Filmer. D'Geschicht ass spannend an hält ee bei der Staang.
“007 First Light” ass perfekt fir d'Waardezäit bis GTA 6 ze iwwerbrécken. Och fir Casual Gamer