D'Uelzecht ass an engem schlechten Zoustand. Si fléisst eemol queesch duerch Lëtzebuerg a kritt zimmlech alles ze spieren, wat hei geschitt. Lëtzebuerg soll seng Gewässer bis Enn 2027 eigentlech an ee gudden Zoustand bréngen. Wéi kann d'Uelzecht dat Zil jee erreechen, wa Bevëlkerung a Wirtschaft weider wuessen? Ëm déi Fro geet et an eiser neier Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast.
Elo sinn zwou vun den am Ganze sechs Episode vun der neier Serie disponibel. D'Pia Oppel aus der Zeenewiessel-Ekipp verréit, wat Iech hei erwaart.