Ee Parlament an deem d’Deputéiert an der Plenière virun engem bal eidele Sall schwätze verdéngt säin Numm wuel kaum. Am Europaparlament awer ass dat souzesoen Alldag: An de Sitzungen an der Plenière si vun de 720 Europadeputéiert dacks just 30 bis 40 Leit oder nach manner present.
Doriwwer, wéi dat ka geännert ginn an och, wéi kann dofir gesuergt ginn, datt am Plenarsall méi Debatten entstinn, gëtt am Parlament scho méi laang diskutéiert
Allerdéngs bis elo ouni grousse Succès - elo soll en neie Versuch gestart ginn.
D’Danièle Weber iwwer de Versuch, eng nei Dynamik an déi parlamentaresch Debatten ze bréngen.