Wann een dëser Deeg am Bësch ënnerwee ass, dann héiert ee manner d’Villercher päifen, mee éischter d’Geknadders vu Motorseeën – op ville Plaze sinn d’Bëschaarbechter amgaang mat schaffen. Deels mat schwéiere Maschinnen, deels awer och mat Hëllef vu Véierbeeneger: D’Ardennerpäerd ginn nees ëmmer méi dacks agesat, fir de Mënsch bei den Aarbechten am Bësch ze ënnerstëtzen. De Kompetenzzenter fir Schaffpäerd op der Robbesscheier zu Munzen suergt dofir, datt dat joerhonnertenaalt Wëssen iwwer d’Schaffe mat de Kalblidder virugi gëtt. Den Haaptresponsabele Charel Braquet huet d’Paule Rodesch op der Robbesscheier mat bei d’Päerd geholl, fir déi Aarbecht méi genee ze erklären.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Mat 1 PS duerch de Bësch
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Paule Rodesch)
headphones
17 min
mic_none
Presentéiert vum
- Paule Rodesch
Episoden
Serbien no de Walen: Wou steet d’Studentebeweegung politesch?
A Serbien huet e Sonndeg d’Studentebeweegung bei de Parlamentswalen eng absolut Majoritéit geholl. Wou steet d’Studentebeweegung politesch a wéi geet et am Land elo weider?
De relationelle Benevolat stäerken
D'Agence du Bénévolat probéiert Leit ze motivéieren, fir en Deel vun hirer Fräizäit mat Mënschen, déi wéineg soziale Kontakt hunn, ze deelen. Hire President Marc Thill ass Invité.
De Benevoll Henrik schenkt seng Zäit eelere Mënschen
D'Agence du Bénévolat këmmert sech ëm de sougenannte relationelle Benevolat. Dobäi geet et drëm, Mënschen Zäit an Opmierksamkeet ze schenken.
London: D'Oxford Street gëtt eng Foussgängerzon
D‘Hallschent vun der Haaptakaafstrooss zu London ass elo fir den Trafic gespaart. Déi zweet Hallschent soll an den nächste Joren dobäi kommen.
Serge Wilmes op der COP17: Wéi gesäit dem Minister säi Bilan aus?
Den Ëmweltminister Serge Wilmes ass momentan op der Biodiversitéitskonferenz COP17. Am Interview erkläert hien d'Efforten fir d'Biodiversitéit ze schützen.
Neien Ulaf fir iwwer d’Ofschaafe vun der Zäit-Ëmstellung ze diskutéieren?
Den CDU-Europadeputéierten Peter Liese wëllt d'Debatt nei ustoussen. Huet déi Initiativ eng Chance? Dat froe mir hien am Live-Interview.
Nora Feyder: "Heldin" vun der Landwirtschaft
Déi jonk Lëtzebuergerin krut deen Éierentitel zesumme mat 99 anere Bauerefraen aus aller Welt vun der FAO, der Welternährungs-Organisatioun vun der UNO.
Wéi ass de Ballon d’Or zum gréisste Präis am Weltfussball ginn?
D'Geschicht vum prestigiéisten Individualpräis am Fussball huet an England op enger Gemeng ugefaangen.
Manifestatiounen a Frankräich
Frankräich huet e weidere Weekend mat grousse Protester hannert sech. Firwat ginn d'Leit zu Honnertdausenden op d'Strooss?
Lafe bis et net méi geet: Déi éischt Backyard-Course zu Lëtzebuerg
Iwwer 24 Stonne laang lafe mat just kuerze Pausen dotëscht: Dee sportlechen a mentalen Challenge hunn eng 250 Leefer de Weekend zu Käerch um Backyard Trail op sech geholl.
Antibiotiquen: Konsum zu Lëtzebuerg méi héich wéi am EU-Duerchschnëtt
Dat ass den Haapt-Constat an engem Rapport iwwer de Verbrauch vun Antibiotika, deen dës Woch erauskoum. Explikatioune vum Stéphanie Saleh aus der Direktioun vun der Santé.
Mat 1 PS duerch de Bësch
D'Ardennerpäerd hunn de Mënsch jorhonnertelaang an der Land- a Forstwirtschaft ënnerstëtzt, ier se vun de Maschinne verdrängt goufen. Haut dréint deen Trend sech no an no ëm.
Première zu Lëtzebuerg: D'Volleyballfederatioun féiert eng Fantasy Liga an
Reell Spiller:inne virtuell kafen, opstellen an transferéieren: Esou funktionéiere Fantasy-Ligaen am Sport. Elo huet och e Lëtzebuerger Verband esou eppes op d'Bee gestallt.
D'Scholdfro bei Phishing-Virfäll soll gekläert ginn
De Retail Banking Cluster vun der Bankenassociatioun ABBL huet gëschter op seng alljährlech Pressekonferenz invitéiert. Et goung ënner anerem em Online-Bedruch a Logement
Neit Gesetz suergt fir Opreegung
Fërderung vun Dokteraarbechten: Unis-Proffe sinn entsat iwwer nei Conditiounen
Filmtipp: "Franz"
Biopic iwwer de Prager Schrëftsteller Franz Kafka als historesche Personnage mee och als Ikon vun der Massekultur.
40 Joer Initiativ Liewensufank: Et hu vill Tabuë misse gebrach ginn
Zesumme mat der Direktesch vun der Initiativ, Maria Eudier, kucke mer op d'Geschicht vun der Asbl. zréck.
(Firwat) Léisst den Trump d'Ukrain falen?
Den US-President gëtt an der Lescht ëmmer méi Russland- a Putin-frëndlech - zum Nodeel vun der Ukrain. De Prof. Stephan Bierling vun der Uni Regensburg gett méiglech Erklärungen.
AfD-Visioun fir d’EU: Just nach eng Optioun fir "Raus aus dem Euro"
Wat sech d'AfD fir d'EU wënscht: Keen Dexit méi, an och keen Neen zum Euro, dofir awer eng staark ofgeschwächten EU-Kommissioun an een EU-Parlament mat just nationalen Deputéierte.