Ginn déi staatlech Energiesubventiounen am neie Joer verlängert? D'Regierung (CSV/DP), d'Gewerkschaften an d'Patronat kommen haut an der Tripartite zesumme fir doriwwer ze verhandelen. De Premier Luc Frieden (CSV) hat d'lescht Woch gesot, haut sollt gekläert ginn, wéi déi aktuell Mesurë géint d'Inflatioun verlängert ginn.
Wann d'Regierung géif den Tankrabatt um Diesel an um Bensinn verlängeren, da géif se weisen, datt se net kapabel ass, Verantwortung fir d'Land z'iwwerhuelen, mengt de Jean-Claude Franck an engem Commentaire.