Dës Woch ass gepräägt vu vill Beweegung an der Musekswelt. Am Beräich vun der “neier” Musek ginn et nämlech dräi grouss Evenementer, déi och um Opus thematiséiert goufen:
Den Ensembel “United Instruments of Lucilin”, deen op zäitgenëssesch Musek spezialiséiert ass, huet no 27 Joer säin eegene Label gegrënnt.
Haut um 18. November ass de klenge Festival “Odo sonoritas” zu Stolzebuerg. E Festival, dee Gregorianik an zäitgenëssesch Musek matenee verbënnt.
Vum 17. bis den 22. November ass an der Philharmonie de “Rainy Days Festival”, op deem zäitgenëssesch Musek am Fokus steet. Muer (19.11.) iwwerdréit den Opus live e Concert um 19h30, dee gläichzäiteg an dräi däitsche Sendegebitter ausgestraalt gëtt.
De kompletten Detail verréit de Christophe Mirkes.