arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Só Quero Vive

Só Quero Vive

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Zwee Joerzéngten no hirer éischter Collaboratioun héiere mir dee brittesch italieenesche Folk-Songwriter Piers Faccini op en Neits zesumme mam Kora-Virtuos Ballaké Sissoko aus dem Mali.

Mir entdecken deen neien Album “Our Calling”.

Si nennen sech Les Egarés: Vincent Peirani, Vincent Segal, Ballaké Sissoko & Emile Parisien, alles Cracken op hirem Instrument begéinen a verléiere sech zesummen.


Deen englesche Multi-Instrumentalist a Plakeproduzent Carwyn Ellis ass zesumme mam internationale Kollektiv Rio 18 an dem BBC National Orchestra Of Wales an enger gelongener Zesummenaarbecht um Album “Yn Rio”.


De kanadesche Singer-Songwriter Destroyer, mam richtegen Numm Dan Bejar, annoncéiert säin neien Album “Dan’s Boogie” fir Enn Mäerz, hei bei One World schonn e Virgeschmaach.


Mat Straicher-Arrangementer vun der Bossa-Nova-Legend Arthur Verocai zelebréiert de brasilianesche Museker Rogê déi kulturell Identitéit vu sengem Land, déi vu villen eethnesche Populatioune gepräägt ass, an hie schwätzt och déi komplex Geschicht vu sengem Land un. “Curyman II” vum Rogê, villschichteg an ureegend!


Beim englesche Singer-Songwriter Jono McCleery sengem neien Album “Reconcile” geet et inhaltlech ëm Léift a Verloscht. Punkto Musek héiere mir eng schéin Textur vu Folk, Soul an Elektro.


Playlist:

1. Piers Faccini & Ballaké Sissoko - Borne on the Wind - Our Calling

2. Les Egarés (Vincent Peirani, Vincent Segal, Ballaké Sissoko & Emile Parisien) - Banja - Les Egarés

3. Stimmhorn & Kold Electronics - Woschnuhi - Igloo

4. Carwyn Ellis & Rio 18 - Olá! (with BBC National Orchestra Of Wales) - Yn Rio (with BBC National Orchestra Of Wales)

5. Destroyer - Cataract Time - Dan’s Boogie

6. Dez Mona - The Power - Loose Ends

7. Warhaus - No Surprise - Karaoke Moon

8. Rogê - Vida Voa - Curyman II

9. Caamaño & Ameixeiras - A pequeña morte - Quitar o aire

10. Cuarteto Tafi - Somos de la Tierra (feat. Serge Lopez & Jean-Luc Amestoy) - Amanecer

11. Jono McCleery - To See You Again - Reconcile

12. Zé Nigro - Gorjeios (feat. Arthur Verocai) - Silêncio

13. Tiago Caetano - Só Quero Viver - Constelação

Episoden

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow