Dancy Beats begéine latino an aner Influenzen um Schwäizer DJ a Produzent Dominik Traub alias Dandara senger rezenter Verëffentlechung vun dësem Joer “&Chakib".
Mir tauchen e bësse méi an den Detail vun dësem interessanten Disk, deen och en Hommage ass un den algeeresche Multiinstrumentalist a Sänger Chakib Bouzidi.
Neiverëffentlechung och vun Nightmares On Wax zesumme mam Liam Bailey an Haile Supreme. "Echo45Sound System" léisst eng agreabel Mëschung aus Soul, Roots, Hip-Hop, Dub mat elektroneschen Texturen erkléngen.
Den zweeten Disk, dee mir méi am Detail entdecken, ass dem Schur säin "Cactus", en Artist vun New York deen - et ass nach net sou laang hier - decidéiert huet säin 9-5 Job un de Nol ze hänken, fir just nach Musek ze maachen.
"The Deserter" heescht d’Aktualitéit vum ungaresche Komponist a Gittarist Csaba Palotaï. En Disk, dee vläicht e bësse basic kléngt, mee et stécht méi derhannert!
Janjay Lowe, berufflech bekannt als Mon Rovîa, ass e Singer-Songwriter aus Liberia, deen an Amerika opgewuess ass. Mir gi méi gewuer iwwer dësen Artist, deen an e Biergerkrich eragebuer gouf a prägend Erfarunge gemaach huet, déi hien haut a senger Musek verschafft.
Bei Jembaa Groove verschmëlze méi Aflëss: eng zäitgenëssesch Interpretatioun vun Highlife, Jazz a Soul. Al Stréimungen tëschent Ghana an Europa ugedriwwe vun de Conga Rhythmen a waarme Bléiser.
Playlist:
01. Dandara, Chakib Bouzidi & G. Zamora - Se Ve - &Chakib
02. Dandara & Chakib Bouzidi - Ne Nabra - &Chakib
03. Dandara & Chakib Bouzidi - Long Story Short - &Chakib
04. Nightmares On Wax, Liam Bailey & Haile Supreme - Desire - Echo45 Sound System
05. Schur - Cactus - Cactus
06. Schur -1970 - Cactus
07. Schur - Embers - Cactus
08. Michael Kiwanuka - Lowdown (part ii) - Small Changes
09. Worries And Other Plants - In Numbers - In Numbers - Single
10. Csaba Palotai - Bienvenido Stranger - The Deserter
11. Mon Rovîa - Running Boy - Bloodline
12. Mark William Lewis -Socialising - Mark William Lewis
13. Kings of Convenience - Fever - Peace Or Love
14. Jembaa Groove - Outro - Ye Ankasa We Ourselves
15. Kalaido - Midnight Diner Curry (feat. Sam Miles) - Midnight Diner Curry (feat. Sam Miles)
16. Zero 7 - Today (feat. José Gonzalez) - The Garden
17. Espen Horne - Den Franske Gitaren (feat. Aich) - The Anatomy of Serene Eloquence