arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Gently Disturbed

Gently Disturbed

Akustesch Kläng mat Influenzen aus dem R&B, Hiphop an der afrikanescher Musek léist de Mon Rôvia erkléngen.


Den Artist mat ibeeresche Racinnen huet seng eegen Ästhetik. Virun e puer Deeg koum säin Debutalbum "Bloodline" eraus. D’Musek ass duuss, easy-going mat awer luciden an direkten Aussoen zu politeschen Theemen, Gewalt an Ongerechtegkeeten.


Den Titi Robin ass e franséische Komponist a Multiinstrumentalist. Säi Stil vereent Elementer vun der Musek aus dem Mëttelmierraum, dorënner déi vun de Roma, an och orientalesch Influenze prägen seng Musek. Den Titi Robin spillt d’Gittar, de Buzuq, d’Mandolinn an den Oud.


Fils vum legendären Ali Farka, de Vieux Farka Touré, lauschtere mir an zwou verschiddene Collaboratiounen: eng zesumme mam israeelesche Museker Idan Raichel um Album "Samba" an eng aner mat der amerikanescher Musekerin a Sängerin Julia Easterlin vum gemeinsamen Album "Touristes". Den Desert Blues lieft weider a wäit iwwer d’Grenze vu sengem Ursprongsland eraus.


De Samba Touré ass net Famill mam Ali Farka, mee gouf awer souzesoe vun dësem grouss gezunn. Hien huet am Ali Farka Touré senger Grupp gespillt an zielt zu den accreditéierte Vertrieder vum Desert Blues aus dem Mali.


Mir tauchen an déi net onbedéngt evident, mee inspiréierend Klanglandschafte vun den Ierwe vum Flamenco an. Ee Pilier hei ass de Raül Refree, Museker a Produzent, dee sech fir Traditiounen interesséiert an dës weiderdenkt bis hin zu engem visionären Ausdrock. Mir lauschteren eng nei Zesummenaarbecht mat der Maria Mazzotta. Déi 2 beschreiwe musikalesch d’Italien aus enger anerer Zäit, reliéis Gesäng, Aarbechts- a Schloflidder déngen als Grondlag. Dat Ganzt an enger zäitgenëssescher Tonalitéit.


Fir den Album "el espacio entre" huet de Raül Refree zwou verschidden existéierend Opname mat vill Geschéck zesummegewierfelt, allebéid Filmmuseken. Vun do hier warscheinlech dës esou suggestiv Klanglandschaften, déi net vun dëser Welt ze si schéngen.


Mir entdecken deen neien an Debutalbum "Río Abajo" vun der venezuelanescher Artistin Rebecca Roger Cruz. Och si entwéckelt unique Paysagen mat Referenzen un déi al Museken.


Playlist:

01. Mon Rovîa - Somewhere down in Georgia - Bloodline

02. Mon Rovîa - Running Boy - Bloodline

03. Saint Privat - Boom, boom click! - Years Dope Noir (Blue Album)

04. Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses

05. Titi Robin - Ali Farka danse et se souvient - Rebel Diwana

06. Vieux Farka Touré & Julia Easterlin - A’Bashiye (It's Alright) - Touristes

07. Vieux Farka Touré - Maya (feat. Idan Raichel) - Samba

08. Samba Touré - Fondo - Binga

09. Jean-Jacques Milteau - Jack the Man (feat. Demi Evans) - Fragile

10. Kubix - Deep Eyes - Guitar Chant

11. Raül Refree & Maria Mazzotta - Damme nu ricciu - Damme nu ricciu

12. Rebecca Roger Cruz - Sol de Luna Llena - Single

13. Raül Refree - Lamentos de un rescate - el espacio entre

14. Philippe Cohen Solal & Mike Lindsay - Hark Hark, My Friend, Cannon Thunders Are Swelling (feat. Adam Glover & Hannah Peel) - Outsider

15. Avishai Cohen - Eleven Wives - Gently Disturbed

Episoden

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow