arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ "The Thread That Keeps Us" (Calexico)

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Dem Mexikanesche Gittaren-Duo Rodrigo y Gabriela hiren neien Album "Our Home", deen dësen 18 September eraus komme wäert, ass eng eege-Produktioun déi zu Tokyo entstan ass. Déi  11 Lidder vum Album déngen als eng Erklärung vun hirer Léift zu Japan a sinn och als eng Meditatioun unzegesi fir ënnere Fridden ze fannen, heescht et.


Eng interessant Kollaboratiounen tëscht den Indie-Folk Gruppe Calexico an Iron & Wine, ass de gemeinsamen Album "Years to Burn". Den Disk ass zu Nashville opgeholl ginn a verbënnt de stëbsege Wüstenrock vu Calexico mam intimen a melancholesche Songwriting vum Sam Beam vun Iron & Wine.


"Calling England Home" ass e staarkt poetescht Lidd vum trinidadesch-engleschen Dichter a Museker Anthony Joseph. D'Lidd beliicht Generatioune vun der karibescher Migratioun an England, ugefaang an de Joren 1949, 1959 a schliisslech dem Joseph säin Ukommen an England 1989. Hei gëtt d'Fro opgeworf wéi laang muss een op enger Plaz liewe fir se wierklech "Doheem" nennen ze kennen.


"Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)" ass en interkulturelle Kooperatiounsprojet op deem mir Museker aus verschidde Regioune vun der Welt vereent héieren. Alleguer hunn se Erfarunge mat dem physeschen a kulturellen Exil.


Musikalesch Diversitéit och beim Ethio-Jazz-Pionéier Hailu Mergia sengem Album "Yene Mircha", deen erklénge léist datt et net nëmmen een traditionellen Ethio-Jazz-Sound gëtt. Den Hailu Mergia vermëscht hypnotesch psychedelesch Uergel-an Akkordeon-Melodië mat Elementer aus Funk, Jazz an traditionellen äthiopesche Rhythmen a souguer Dub-Influenzen.


En Hommage un dem Sergio Leone säi legendäre Western "The Good, the Bad and the Ugly" aus dem Joer 1966 héiere mer op "El Bueno Y El Malo" vun den Hermanos Gutiérrez an der gudder Gesellschaft vum Dan Auerbach vun The Black Keys.


Haut och dobäi, de Latin-Jazz Projet vum Avant-garde-Gittarist Marc Ribot. "y Los Cubanos Postizos", Esou heescht dësen excellenten Album aus dem Joer 1998 wou mer zum groussen Deel Kompositioune vum kubaneschen Tres-Spiller Arsenio Rodríguez héieren.


Calexico hire 9te Studio-Album "The Thread That Keeps Us" ass en Disk deen sech definéiert duerch däitlech méi rau a politesch Aussoen, beaflosst vun der Stëmmung an den USA zu där Zäit wou en entstan ass.

An dat war notamment d'Clinton-Lewinsky-Affär, den Opschwong vum Internet, eng Wirtschaft déi geboomt huet an e President dee wuel ënner Eed falsch ausgesot huet an dach beim Vollek wärend dem ganze Skandal beléift bliwwen ass. Net ze vergiessen ass de Konflikt mam Irak, en ëmstriddenen Agrëff vum Clinton an Afghanistan an d'Ermordung vum Afroamerikaner James Byrd Jr. an déi vum homosexuelle Student Matthew Shepard am Wyoming.

Dëst sinn e puer Hannergrënn vum Klima an den USA 1998, Zäit wou den Album "The Thread That Keeps Us" vu Calexico entstan ass.


Playlist:

01. Rodrigo y Gabriela - Akatsuki - OurHome

02. Calexico & Iron & Wine - The Bitter Suite - Years to Burn

03. Andrew Bird - Underlands - Inside Problems

04. Anthony Joseph - Calling England Home - The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives

05. Arat Kilo, Mamani Keïta, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Snow in Addis - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)

06. KUTU, David Walters & Théo Ceccaldi - Yambara (feat. Hewan Gebrewold) [David Walters Remix] - Single

07. Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - Yene Mircha

08. Avishai Cohen - Eleven Wives - Gently Disturbed

09. Marc Ribot & Marc Ribot y Los Cubanos Postizos - No Me Llores Mas

10. Hermanos Gutiérrez - Tres Hermanos (feat. Dan Auerbach) - El Bueno Y El Malo

11. Calexico - Curse of the Ride (Bonus Track) - The Thread That Keeps Us

12. Calexico - Longboard (Bonus Track) - The Thread That Keeps Us (Deluxe Edition)

Episoden

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow