arrow_back_ios

One World

Radioprogramm / One World

/ Here & Beyond

Here & Beyond

Dem Robert Finlay (e 54er Joergang) seng Wuerzelen leien an enger déif reliéiser Famill vu Landpächter am Louisiana. D'Gittarspill huet hie sech selwer bäibruecht, seng rau Stëmm a coole Charisma komme gutt un!

Säin Album "Hallelujah! Don't Let The Devil Fool Ya" ass vum Dan Auerbach produzéiert an op dësem sengem Label Easy Eye Sound erauskomm.


De Black Keys hiren neien Album ass "Peaches" iwwerschriwwen. Beim Lidd

"Who's Been Foolin' You" geet et ëm Verrot a Mësstrauen. D'Original staamt ursprünglech vun der Blues-Legend Arthur genannt "Big Boy" Crudup. E klasseschen Delta-Blues deen - wéi mir dat vun de Black Keys gewinnt sinn- eng uerdentlech Dosis Rock verpasst kritt!


Cage The Elephant ass eng Band aus dem Kentucky, déi 2006 gegrënnt gouf an zënter deem geschat gëtt fir hir Rock-Musek an och fir hir Energie-gelueden Live-Optrëtter, bei deenen -esou heescht et- hire Frontmann Matt Schultz eng charismatesch an och onberechenbar Büne-Presenz hätt.


Ëm Global Krisen an och ëm Anefuerschung geet et beim Saul Williams sengem neien Album "Leap Life", deen am August erauskoum. En Disk, deen engersäits dem Gedenken un d'Affer aus de Krisegebitter weltwäit gewidmet ass, an anerersäits sech mat der Kommunikatioun ausenanersetzt mat deenen déi net méi liewen ...


Den Touch vum Dan Auerbach ass och beim amerikanesche Folk-Duo Moonrisers hirem 2025er Album Harsh & Exciting ze héieren, deen den Disk produzéiert huet.


Mir entdecken de Gaël Faye, franséisch-ruandesche Rapper, mat sengem Titel "Solstice", deen an der Zesummenaarbecht mam Saul Williams entstan ass. D'Lidd gouf 2017 als Opener um Gaël Faye senger excellenter EP "Rythmes et botanique" verëffentlecht an och hei geet et ëm Engagement a Matgefill.


"Punching The Clown", esou heescht den neien Album vu Lambchop, bei deem de kreative Kapp vun der Band, de Kurt Wagner, nodeems e jorelaang mat der Elektronik experimentéiert huet, komplett zeréck kënnt zu engem analogen, reduzéierte Sound aus Folk, Country a Gospel.


Och frësch erauskomm ass der amerikanescher Art-Pop Musekerin Julia Holter hiren Album "Materia". De roude Fuedem hei ass der Julia Holter hir Faszinatioun fir d'Hildegard von Bingen ...


Playlist:


01. Robert Finlay - I Wanna Thank You - Hallelujah! Don't Let The Devil Fool Ya

02. Black Keys - Who's Been Foolin' You - Peaches 2026

03. Jack White - G.O.D. And The Broken Ribs - Single

04. Grenzkontrolle - Schwarzes Schaf - Edelweiss EP

05. Cage The Elephant - Trouble - Tell Me I'm Pretty

06. Muse - Unravelling - The Wow! Signal

07. Saul Williams - Mazahua - Leap Life

08. Saul Williams - Robot Slave - Leap Life

09. Gaël Faye - Solstice (feat. Saul Williams) - Rythmes et Botanique

10. Moonrisers - Further Down - Harsh & Exciting

11. Moonrisers - Harsh & Exciting - Harsh & Exciting

12. Lambchop - A Doctor in The House - Punching The Clown

13. Lambchop - White People - Punching The Clown

14. Westside Cowboy - Coyote - It Goes On

15. Julia Holter - The Laugh Is In The Eyes -Materia

16. Anne Paceo - Mantha - Atlantis

Episoden

Here & Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow