"A Child's Dream" heescht deen neien Album vun der rumänesch-brittescher Pianistin Alexandra Dariescu. Et ass eng Zort Dankbarkeets-Bréif un hir eege Kandheet an alles, wat hir erméiglecht gouf. Et ass e musikalesche Full-Circle-Moment, well Full Circle bedeit esouvill wéi datt eppes wat ee sech ëmmer erdreemt huet, zemools als Kand, Realitéit gëtt enges Daags, an datt een immens dankbar dofir ass.
Um Programm steet e ganz diverse Choix, mat Mozart a Bach, an och vill Musek vu Komponistinnen an och aus Rumänien, also der Heemecht vun der Pianistin. Et héiert ee si och net eleng, mee bei e puer Tracke spillt si zesumme mam weltberüümten Orchester Academy of Saint Martin in the Fields, mam Cellist Richard Harwood an och mam Geiist Tomo Keller.