Seng "End of season" feiert d'Maîtrise op enger besonnescher Plaz: der Krypta vun der Kathedral. Dëse Raum hätt mat sengem flaache Plaffong eng ideal Akustik fir en a capella-Concert, also e Concert ouni instrumental Begleedung, wéi de Marc Dostert am Opus-Interview verréit. Um Programm vum Optrëtt, den 8. Juli um 8 Auer steet e Réckbléck op déi aktuell Saison mat Wierker, déi d'Maîtrise an de leschte Méint gesongen huet, genee esou wéi Stécker, déi extra fir dëse Programm zesummegedroe goufen.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
A capella an de Summer eran
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges