Toile Si-Re gouf vun der Musekerin Nadine Kaufmann a vun der Kënschtlerin Annick Sinner gegrënnt mat der initialer Iddi Lëtzebuerger Klassiker wéi d'Maus Kätti oder de Wëllefchen an de Fiisschen a Form vun engem Poppentheater nei ze interpretéieren.
Am Kader vun der Serie Semplice - Back to Basics, an där den Duo eng ganz nei kënschtleresch Form ouni Sprooch erfonnt huet. Déi neiste Produktioun, Tolo & Scoia, ass fir Kanner ab 3 Joer esou wéi fir Erwuessener a vermëscht Musek, Live-Zeechnungen a Poppentheater. D'Nadine Kauffmann erkläert wat de Public de 25. Oktober am Kulturhaus Nidderaanwen erwaart an och firwat si denkt datt de souwuel de Kanner, wéi och hiren Eltere wäert gefalen.