Dat ass den Titel vun der nächster Concertskonferenz vu Mugi.lu, dem Internetportal vu Musek an Gender zu Lëtzebuerg. Déi fënnt den 10. Oktober um 17 Auer am Salon Bleu vum Cercle Cité statt. D’Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster beschäftegt sech an dëser Concertskonferenz mat engem spannenden an dacks vergiessene Kapitel aus der Lëtzebuerger Museksgeschicht: der Roll vun de Musikerinnen am 19. Joerhonnert. Si verréit eis ënner anerem wéi d’Situatioun vun de Fraen an der Musek um Enn vum 19. Jorhonnert sech däitlech verännert huet an och wat fir Wierker den 10. Oktober am Cercle Cité um Programm stinn. Gläichzäiteg gëtt och de Launch vun zwee neien Online-Portaler gefeiert. Eng Kéier iwwer d'Fraerollen an der Operett Mumm Séis vum Dicks an eng Kéier iwwer déi éischt Stater Musekschoul. Weider Informatioune fannt dir op www.mugi.lu.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
"Hat krit éng gutt Plâtz, wann et Piano kann"
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart