Joerzéngte laang souz de Jean Thill op der Trombonn an dem Euphonium als Militärmuseker an de Reien. Am Oktober 2022 gëtt hien zum Dirigent adjoint vun der Militärmusek ernannt. Mee elo geet et an déi wuelverdéngte Pensioun.
An all deene Joren huet de Vollbluttmuseker vill erlieft, arrangéiert, dirigéiert.
U wéi eng Momenter kann hien sech haut nach erënneren? Wéi waren déi éischt Deeg als Militärmuseker an huet hien sech all musikaleschen Dram erfëllt, deen hien sech virgeholl hat?
Dat huet de Jean Thill dem Lex Kauffmann vun eisem Klassiksender Opus verroden.