Haut, de 25. September, gëtt den 120. Gebuertsdag vum Dmitri Dmitrijewitsch Schostakowitsch gefeiert. De russesche Komponist, gebuer 1906 zu St. Petersburg a gestuerwen 1975 zu Moskau, gouf schonn am jonken Alter vu 19 Joer duerch seng éischt Sinfonie international bekannt. Seng „Leningrad“-Symphonie gouf zum Symbol géint d’Nazi-Belagerung an huet hie souguer bis op d'Cover-Säit vum Time Magazine bruecht, wou hien als fräiwëllege Pompjee ofgebilt ass. Niewent senger Léift zur Musek war de Schostakowitsch och e passionéierte Fussballfan a bekannt fir seng Obsessioun fir d'Uerdnung.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
120 Joer Dmitri Schostakowitsch
mic_none
Presentéiert vum
- Jenny Feyder