De Lëtzebuerger Pianist Romain Nosbaum an de rumänesche Pianist Florin Mantale kollaboréieren zënter ronn annerhallwem Joer a véierhännege Pianosprogrammer. Virun engem hallwe Joer koum eng CD mat Musek vun der Albena Petrovic eraus, op där si ze héiere sinn.
Op hirer neier Produktioun spillen de Romain Nosbaum an de Florin Mantale déi ganz bekannte véierhänneg Wierker vu Ravel, Fauré an Debussy (Ma Mère l'Oye, Dolly Suite, Petite Suite). De komplette Bäitrag fannt Dir op www.opus.radio an an der Opus 100,7 App.