“Blackmail” ass ee grousse Klassiker vum Alfred Hitchcock an den alleréischte britteschen Tounfilm. Et gëtt en och als Stommfilm, an dee kann een de Freideg, 13. Mäerz zesumme mat Live-Musek an der Philharmonie erliewen. Um grousse Bildschierm leeft de Film a virdru spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker Musek dozou. Geleet gëtt dat Ganzt vum Frank Strobel, engem bekannten däitschen Dirigent fir Filmconcerten. Et ass elo och net seng éischt Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Orchester, well si si schonn dacks zesummen op Concerten opgetrueden, ënner anerem fir d'Lëtzebuerger Première vum Filmconcert vu “Matrix”.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
"Blackmail" vum Hitchcock mat Livemusek an der Philharmonie
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel