"Bach in the Subways" ass ee Konzept, dat aus den USA "wéi ee Virus" an Europa an och op Lëtzebuerg eriwwerkoum. Esou beschreift et de Matorganisateur Jean-Paul Hansen.
Zesumme mat der Bach Vereenegung Lëtzebuerg ginn den 21. Mäerz iwwer 50 Mini-Concerten op 21 Plazen an der Stad Lëtzebuerg live gespillt.