De Récital vun der Kana Madarame steet am Kontext vun hirem “Rana-Project”, wou si iwwert d’Musek probéiert de Mënsche baussent Japan, hir Kultur méi no ze bréngen. Se gëtt och nach eng Masterclass am Stater Conservatoire, fir eben hir d’Gefill, hir Manéier an hiren Ausdrock op der Trompett op Basis vun der japanescher Kultur weider ze ginn. Dëse Concert vu muer ass dann och eng éischt symbolesch Etapp vun enger Grupp vu Museksenseignante vu Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Trompetten-Designer Tomomi Kato. Et geet nämlech och dorëm fir am Kader vum 100.Anniversaire, nächst Joer, vun den diplomatesche Relatiounen tëscht Japan a Lëtzebuerg, eng Initiativ ze lancéiere fir nees eng nohalteg musikalesch Allianz tëscht Lëtzebuerg a Japan opzebauen.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Nei musikalesch Allianz tëscht Lëtzebuerg a Japan?
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes