Dee jonke Lëtzebuerger Franz Schilling ass ausgebilten Operesänger an nächste Méindeg op Besuch an der Philharmonie.
Zesumme mam Dirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg, dem Christoph König, dee säin Dirigéierstaw géint de Piano fir dëse Concert wiesselt, wäert de Franz Schilling ee Liedabend organiséieren.
Programméiert si 15 verschidde Komponisten, dorënner net just bekannten internationaler, mee och lokal Komponisten aus Lëtzebuerg.