Owesconcert
"Man ist dem Publikum sehr nah"
Ënnert dem Motto "Auf der gleichen Saite" presentéieren d'Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ee Concert-apéritif am Kammermusekssall an der Philharmonie.
Um Programm steet Kammermusek mat Piano a Sträicher vun de Komponiste Robert Schumann a Frank Bridge.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet d'Braatschistin vum Concert an och Solo-Braatschistin am Orchester vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, Dagmar Ondracek iwwert de Programm an de Kader geschwat. Si erzielt donieft, wat fir si Concerten ausmaachen, wéini ee mierkt dass de Fonken iwwerspréngt a wéi ofwiesslungsräich d'Aarbecht als Solo-Braatschistin ass.
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann