arrow_back_ios

Reen a Bou

100komma7.lu / Reen a Bou

/ Ëmmer nach keng grouss Reenzomme fir Lëtzebuerg

Ëmmer nach keng grouss Reenzomme fir Lëtzebuerg

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

En Dënschden hate mir et mat engem markante Kalfrontduerchgang ze dinn. En typescht Muster fir eng variabel Wiederlag. Dëst heescht allerdéngs net, dass et elo dauerhaft schlecht bei eis virugeet.

Ufanks der Woch louchen eis Temperature nach bei knapp iwwer 30 Grad. Duerch déi vergaange Wochen a Méint ass dat awer scho bal eppes, wat ee guer net méi esou séier mierkt, well ee sech fir dëst Joer dru gewinnt huet. 
De nidderegste Maximalwäert gouf e Méinden un der ASTA-Statioun zu Eschduerf gemooss, dat mat Punkt 28 Grad. Den héchste Wäert hate mir un der ASTA-Statioun zu Réimech mat nach eng Kéier 33 Grad. Och wa mir déi spezifesch Rekorddaten zu dëser Statioun nach net virleien, ass et noleiend, dass et en ongewéinlech héije Wäert fir d’Joreszäit ass - zumools wann ee bedenkt, dass de Septemberrekord un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel bei 32,2 Grad läit. Dëse gouf deemools de 15. September 2020 gemooss. 
En Dënschden hate mir et nach eng Kéier op 24 bis knapp iwwer 29 Grad gepackt, ier fir e Mëttwoch mat 18 bis knapp 22 Grad d’Rutschbahn no ënne koum. Verantwortlech dofir war eng Kalfront, déi nawell méi markant ausgefall war, wéi d’Modeller se ugedeit haten. Et goufen en Dënschdenowend Stuermstéiss vu bis zu 76 km/h gemooss. Gëschter um Donneschde war et mat 22,4 Grad erëm liicht méi mëll, mee den Ënnerscheed war nëmme sensoresch spierbar. Interessant ze ernimme sinn och d’Nuetstemperaturen, déi an der Nuecht op en Donneschde gemooss goufen: Un der ASTA-Statioun zu Schëmpech konnt et op 2,6 Grad ofkillen, zu Breedelt waren et 3,1. 
A Saache Reen koum duerch de Passage vun der Kalfront kaum eppes nennenswäertes erof. Allgemeng gesot huet et an dësem September bis ewell 1 bis 5 Liter gereent, an dat och nëmmen un der Nordspëtzt. De Rescht vum Land krut nach guer näischt of, op d’mannst mol bis gëschter. 

Fir de Reen ze fanne, musse mir weider no vir kucken. Wat soll sech deemnächst änneren? 
Gëschter um Donneschden hat sech schonn erëm e bëssen Héichdrockafloss iwwert eis breetgemaach. Allerdéngs ass dëse net fir sech alleng, well e klengen Déifdrockkär iwwert dem skandinavesche Raum läit. Dëst setzt eis haut um Freide mol nach kuerz ënnert de liichten Afloss vun engem schwaache Frontesystem, deen awer keng all ze grouss Bedeitung fir eis wäert hunn. Eng Rëtsch Modeller sinn der Meenung, dass se sech kuerz virun eiser Grenz souwisou opléist. Domat gesot klëmmt den Héichdrockafloss de Samschde selwer markant, ier e Sonnden e weidert klengt Déif iwwert dem Norde vum Kontinent fir eng “Stéierung” zu Lëtzebuerg ka suergen. 
Konkret heescht dat, dass haut um Freide Wollekefelder matwierken, déi zumools wärend dem Nomëtten och mol méi kompakt kënnen ausfalen. Zumools wärend dem Nomëtte besteet eng kleng Warscheinlechkeet vu lokaliséierte Schaueren - an awer wëll ech se net ausschléissen. Weiderhi gëlt: Kënnt et dozou, da sinn ëmmer nach keng grouss Quantitéiten ze erwaarden. De Samschde verleeft frëndlech, ier eis e Sonnden dat nächst Déif erreecht. Stand elo ass och méi kräftege Reen net ausgeschloss.
Temperaturméisseg kënne mir haut e Maximum vun tëscht 20 an 23 Grad erreechen, muer sinn et 19 bis 24 Grad. E Sonnde geet et duerch d’Déif erëm erof, da sinn et nach Héchstwäerter vu viraussiichtlech tëscht 18 an 21 Grad.
Vum Reen hier sinn, Stand aktuell, bis e Sonndenowend mat tëscht 0 a 6 Liter ze erwaarden. D’Verdeelung duerch d’Land wäert wuel erëm eng zimmlech ongläichméisseg an ongerecht sinn. 
An der nächster Wiederwoch kënnen d’Temperaturen awer, nieft dem Reen, och erëm méi interessant ginn.
Kuckt een an déi aktuell Modellkaarte vum amerikanesche GFS an europäeschen ECMWF, da weisen dës vum Sonnden u bis de Mëttwoch e Virstouss u mëlle bis spéitsummerleche Loftmassen. Erbäigefouert gëtt dësen duerch d’Kombinatioun aus engem Héich, wat sech vum südwestleche Kontinent aus a Richtung Mëtteleuropa beweegt. Zur selwechter Zäit wierkt awer och en Déifdrockgebitt mat, wat sech zumools am Ufank vun der nächster Woch iwwert de Norde vun de britteschen Insele leet. Domat suergt also an der éischter Phas d’Héich selwer dofir, dass d’Temperature lues a lues klammen. De méi séiere/markante Virstouss geschitt duerch d’Zesummenaarbécht mam Déif, well dann en typescht Muster optrëtt: Duerch d’Dréibeweegung vum Déif géint d’Auer a vum Héich mat der Auer sollt, Stand elo, d’Konstellatioun laut amerikaneschem Modell kuerzzäiteg favorabel dofir sinn, dass fläit esouguer nach eng Kéier héichsummerlech Loftmassen hire Wee an eis Géigende kéinte fannen. Mir schwätzen dann vun allerhéchstens 30 Grad, déi vun de meeschte Modeller momentan awer éischter op ëm 26 Grad erofgedréckt ginn. 
Et si nach e puer Deeg bis dohin. Mee egal wéi et ausgeet, wäert den Temperaturniveau fir eng kuerz Zäit iwwert dem vu momentan leien. An den Deeg duerno drécken erëm méi kill an hierschtlech Loftmassen aus dem héije Nordwesten eran.

Episoden

De Ree wëll ëmmer nach net esou richteg

D’Temperature fueren an de nächsten Deeg weider Achterbunn.
headphones

5 min

play_arrow

Ëmmer nach keng grouss Reenzomme fir Lëtzebuerg

De variabele Charakter zu Lëtzebuerg geet virun, ouni awer vill Reen ze bréngen.
headphones

6 min

play_arrow

Den El Ninõ a wéi en sech opeis auswierkt

Mir sinn offiziell erëm an enger “El Niño” Phas, mee wat ass dat iwwerhaapt?
headphones

8 min

play_arrow

De Summer kënnt nach eng Kéier kucken

Vum Weekend u gëtt et kuerzzäiteg manner variabel.
headphones

6 min

play_arrow

Schaarf Grenz tëscht Héich an Déif

An dëser Wiederwoch verleeft eng Zort Loftmassegrenz iwwer Lëtzebuerg.
headphones

6 min

play_arrow

Eng Woch mat vill Beweegung

Mat engem stabillen Héich hu mir et scho laangnet méi ze dinn. Et gëtt nach méi variabel.
headphones

6 min

play_arrow

De Summer ass nach net eriwwer

D’Temperaturen hunn an Tëschenzäit gutt nogelooss, an awer ass dat net de Schluss vum Summer.
headphones

8 min

play_arrow

Déi gréisst Ëmstellung zanter laangem

Eng éischt Kéier zanter laangem si sech d’Modellerdriwwer eens, dass sech eppes ännert. Vläicht esouguer fir de Rescht vum Mount.
headphones

6 min

play_arrow

Nach eng Kéier bal 40 Grad

Déi fënneft Hëtztwell vum Joer erreecht haut um Freiden hire Maximum.
headphones

6 min

play_arrow

Belaaschtung op d’Natur wiisst

Et steet eng Woch mat vill Sonn an ëmmer méi héijen Temperaturen un. D’Hëtzt scho fir d’fënnefte Kéier an dësem Joer am grousse Stil a Richtung Lëtzebuerg transportéiert.
headphones

8 min

play_arrow

D’Dréchent verschäerft sech weider

No deem kuerzen Temperaturréckgang bei eis wäert et nees séier biergop goen.
headphones

7 min

play_arrow

Gëtt der Hëtzt de Krunn zougedréit?

An der éischter Wochenhallschent mierke mir nach net vill, mee de Changement kënnt.
headphones

5 min

play_arrow

Et kommen nach vill Summerdeeg dobäi

Och an nächster Zäit di sech Situatiounen op, an deenen de Reen op d’mannst probéiert, sech méi oder manner zu Lëtzebuerg ze weisen.
headphones

6 min

play_arrow

Chancen op Ree bleiwe rar

Déi véiert Hëtztwell vum Joer geet dës Woch un. A Saache Ree sinn dat keng gutt Aussiichten.
headphones

5 min

play_arrow

Eng nei Hëtztwell steet un

An den nächsten Deeg, a bis an déi nächst Woch eran, wäert sech en interessante Verlaf vun eisem Wieder weisen. Et gëtt kuerz héichsummerlech.
headphones

7 min

play_arrow

Ëmmer nach op der Sich no Reen

Trotz den Donnerwiedere vu leschter Woch geet et weider mam Reendefizit.
headphones

6 min

play_arrow

E Loftmassewiessel steet un

Déi drëtt Hëtztwell vum Joer geet mam Dag vun haut op en Enn.
headphones

7 min

play_arrow

Et kënnt Beweegung an d’Spill

Et bleift zwar waarm, mee den Héichdrockafloss kritt esou lues Konkurrenz.
headphones

6 min

play_arrow

Hëtztwell verschäerft sech erëm

D’Wiedermodeller rechnen d’Temperaturen erëm méi héich, de Ree feelt weiderhin. Dat nächst Héichdrockgebitt bleift iwwer eise Géigenden hänken a suergt fir déi drëtt Hëtztwell.
headphones

8 min

play_arrow

Eng nei Hëtztwell geet un

Südwesteuropa ass schonn erëm uerdentlech um schweessen. Hei ass nei Hëtztwell amgaangen, déi hir Füler an den nächsten Deeg och op Lëtzebuerg wäert ausstrecken.
headphones

6 min

play_arrow