Lucilin an der Fondatioun Valentiny
"Lucilin & Rencontres" ass de Motto vun engem Concertsdag vum Ensembel United Instruments of Lucilin de 15. Juni an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen. Nei Projeten, un deenen ënner anerem de Patrick Muller an den Alex Lallemang bedeelegt sinn. Eng immersiv Experienz fir all Sënner. Am Gespréich mam Marie Schockmel verroden de Patrick Muller an den Alex Lallemang, wat hanner dem neie Projete stécht, a wéi d'Zesummenaarbecht mat Lucilin verleeft.
Hanner de Kulissen - Uergel ophuelen
Hutt Dir Iech schonn emol gefrot, wéi een eng Uergel an der Kierch fir een Album ophëlt? En neien Album ophuelen a produzéieren ass fir all Kënschtler:in ëmmerhin ee besonnesche Moment. Mee wat, wann d'Opnam net am Studio, mee an enger Kierch stattfënnt? A wéi hëlt een eng Uergel an enger Kierch professionell op?
De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet dem Organist Alessandro Urbano bei senger neitster Produktioun iwwer d'Schëller gekuckt.
Carpathian Thales - Eise Klassik Album vun der Woch
D'Lelie Cristea huet mat "Carpathian Tales" hir eege Wuerzele musikalesch an op eng lieweg Aart a Weis opliewe gelooss. Geschichten aus de Karpathen - dat ass den Titel vum neien 100,7-Klassik-Album vun der Woch. An effektiv sinn d’Karpathen hei och net ze verpassen. Um neien Disk vun der däitscher Geiistin Lelie Cristea ass nämlech nëmme rumänesch drop, gréisstendeels och mat folkloristeschem Charakter.
Déi musikalesch Rees geet domat net just bis an Ost-Europa, mee och zeréck bei d’Wuerzele vun der Lelie Cristea hirer Famill.