Musikalesch Liesung um Éiner Wënzerdag
“Mosella” ass e Gedicht iwwer d'Musel, geschriwwe vum réimeschen Dichter Decimius Magnus Ausonius. Deen huet sech schonn deemools am 4. Joerhonnert mat Tréier a Lëtzebuerg gutt auskannt. Den Dënschdeg, 15. Juli, krut deen historeschen Text zu Éinen en neit Liewen an enger Liesung vum Lex Roth, mat passender Musek gespillt vum Ensemble Vocal Sainte Cécile. Dat am Kader vum Éiner Wënzerdag, en traditionelle Rendez-vous fir déi kulturell Ierfschaft vum Duerf ze éieren. Wéi d'Anne Berna vum Ensemble Vocal Sainte Cécile verréit, ass de Grupp fest verankert zu Éinen. Déi musikalesch Liesung ass organiséiert vum Joseph Groben, deen eng grouss Passioun fir d'Miseler Regioun huet. Si zwee verroden am Gespréich mam Marie Schockmel méi.
Stephany Ortega Trio
Et ass insgesamt déi zweet Produktioun fir deen neie Label Luxembourg Classics, déi mam Album "Adiós Nonino" vum Stephany Ortega Trio erausbruecht gëtt. Een Disk, deen emotiounsgeluedenen Tango mat mysteriéise Kläng a liewege Rhythme verbënnt. D'Stephany Ortega ass zanter Joren an der Lëtzebuerger Musekszeen etabléiert an a verschiddenste Genren doheem. Elo bréngt si zesumme mam Akkordeonspiller Christophe Delporte an den Adrien Tyberghein um Kontrabass, Musek vum Astor Piazzolla op CD eraus. Ee bekannte Bandoneon-Spiller, deen haut als Matbegrënner vum argentineschen Tango zielt. "Adiós Nonino" ass als eng Zort Hommage un den Astor Piazzolla ze verstoen. Mam Ënnerscheed, datt de Stephany Ortega Trio d'Musek aus de 60er Joren nei a vill méi modern interpretéiert. Ee musikaleschen Triell tëschent Instrument a Gesang, dee vun emotionale bis zu geheimnisvolle Passagë vill Klangfaarwen ofdeckt an domat zu eisem Klassik Album vun der Woch gëtt. De Christophe Mirkes a Lex Kauffmann a presentéieren en Album-Kritik.
Hanner den Téin - Sandrine Cantoreggi
De virtuose Klang vun der Gei ass eis duerch de groussen a klassesche Repertoire bekannt. Op virun engem Orchester oder méi intim bei der Kammermusek, d'Gei gëtt gäre ganz villsäiteg agesat. Wéi se an der Neier Musek vun haut ka kléngen, erkläert d'Geiistin Sandrine Cantoreggi an dësem neien Episod vum Podcast Hanner den Téin.