Retromania
1969 gouf den Internet lancéiert
7 min
1969 gouf en éischte Message mat Hëllef vun engem neie Medium geschéckt, e Medium, dee mir haut Internet nennen. Mee esou e richtege grousse Succès war dat fir déi webtechnesch Pionéier am Hierscht 1969 net. Si haten och eng enorm Konkurrenz, well d’Moundlandung mam éischte Mënsch um Mound d’Joer 1969 wuel am meeschten dominéiert a markéiert huet.
Mee d’Gebuertsstonn vum Internet war awer 1969 an domadder feiert den Internet seng 55 Joer, obwuel dee richtegen Duerchbroch vum Internet eréischt an den 1990er Joren ugefaangen huet. Haut bréngt den Internet eng Rei Problemer an Erausfuerderunge mat sech. Z. B. musse Gesetzer beim Internet agräifen, well einfach vill ze vill Informatiounen am Ëmlaf sinn, an eng ze grouss Konkurrenz tëschent den Entreprisen do ass.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus