Call me Ishmael!
Dësen Ufankssaz ass warscheinlech ee vun deene bekanntste Säz an der Weltliteratur a gehéiert zum Herman Melville sengem Buch “Moby Dick”. De Roman erzielt d’Geschicht vum Ishmael, deen aus enger gudder Famill kënnt, mee awer aus ongekläerte Grënn decidéiert, als einfache Matrous ze schaffen. Esou kënnt et, datt hien um Walfängerschëff beim verréckte Captain Ahab ufänkt, e Captain Ahab, dee just eng fix Iddi huet, mat där hie seng ganz Ekipp, mat Ausnam vum Ishmael, an den Doud féiert:
Hie wëllt onbedéngt dee wäisse Pottwal Moby Dick, duerch deen hien e Bee verluer huet, ëmbréngen.
Viru 70 Joer ass déi bekanntste Versioun vu “Moby Dick” vum amerikanesche Realisateur John Huston fir d’éischte Kéier iwwer de groussen Ecran geflimmert.