Generatioune vu Mënsche kënne sech ganz sécher, besonnesch vun der däitscher Televisioun hir un dës éischt Zeile vun engem Lidd erënneren: “In einem unbekannten Land, vor gar nicht allzu langer Zeit…”. Richteg dat ass Titelmelodie vun der Zeechentrickserie “Die Biene Maja”. An et konnt een déi wuel bekanntst Bei vun der Televisioungeschicht, am September 1976, viru 50 Joer eng éischte Kéier um klengen Ecran gesinn an et war deemools den Ufank vun enger gelleger Success-Story an d’Maja huet Generatioune vu Mënschen iwwert all déi Joren, kann ee soen, frou an zefridde gemaach.
D’Geschicht vun der “Biene Maja” geet awer op e Buch zeréck datt schonn 1912 eraus koum, mä, wéi géif een haut soen, d’Geschicht gouf an de 1970er fir op d’Télé “gepimpt” an aus der strenger Moral an der Originalgeschicht gouf d’Loscht um Entdecken aus déier déi flott Geschichte mam Maja, dem Willy, der Thekla, der Fräuleien Kassandra oder dem Flip entstanen sinn.
De Jean Claude Majerus beschäftegt sech déi Kéier mat dëser däitsch-japanescher Zeechentrickserie an seet eis och wat de Karel Gott domadder ze dinn huet.