Och bal 35 Joer no sengem Doud ass seng Stëmm, seng Musek a säi Charisma nach ëmmer present. Et geet ëm de Freddie Mercury, de mystheschen an exzentresche Frontmann vun der Rockgrupp Queen.
Nieft senger Personalitéit war et awer och dem Freddie Mercury seng aussergewéinlech 4-Oktave-Stëmm, déi aus Queen-Lidder gelleg Rockklassiker, jo wann net esou Rockhymnen gemaach huet.
De Freddie Mercury war kee gewéinleche Museker, hie war eng absolut Naturgewalt, dee mat sengem Charisma Futtballstadionen elektriséiere konnt. De Freddie Mercury hätt de 5. September, de leschte Samschdeg, 80 Joer kritt, mee hien ass de 24. November 1991 am Alter vun nëmme 45 Joer gestuerwen.
Een Titel ëmschreift dem charismatesche Sänger säin Doud wuel am beschten: “The Show Must Go On”.
De Jean Claude Majerus dediéiert säi Retromania haut dann dem Freddie Mercury, deen och esou laang no sengem Doud mat senger Stëmm nach ëmmer do ass.